Lëtzebuerg ass Éieregaascht um Marchée de la poésie 2021 zu Paräis

De 27 November 2019 huet d'Kulturministesch Sam Tanson déi Responsabel vum Marché de la poésie, den Yves Boudier, President, an de Vincent Gimeno, Direkter, empfaangen, fir d'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 offiziell ze confirméieren. Lëtzebuerg wäert dat Joer eng besonnesch Plaz als Éieregaascht erhalen.

©MCULT
Gruppefoto

 

D'Ministesch huet dorun erënnert, datt Lëtzebuerg säit Joren um Marché de la poésie vertrueden ass, zemools mat de Verläg Phi a Redfox Press. Si huet och präziséiert, datt et sech heibäi ëm e wichtege Rendezvous fir d'Lëtzebuerger Dichter handelt. D'Partnerschaft mam Marché de la poésie 2021 steet net nëmmen am Zesummenhang mat der Unerkennung vun dëser kontinuéierlecher Lëtzebuerger Presenz, mee ass och Deel vum Programm "Reading Luxembourg", deen d'Expansioun vun der Lëtzebuerger Literatur am Ausland an d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Presenz op internationale Foiren ustrieft. 

Déi Responsabel vum Marché de la poésie hu vun hirer Visitt profitéiert, fir sech mat den Haaptacteure vun der Lëtzebuerger Literaturzeen, déi an der Ëmsetzung vun dëser Partnerschaft implizéiert sinn, auszetauschen.

De Marché de la poésie ass dee gréissten Evenement fir Poesie a Frankräich an zitt am Fréijoer ronn 450 Verläg a Poesie-Revuen, haaptsächlech franséischsproocheger, op d'Place Saint-Sulpice zu Paräis. All Joers, gëtt een anert Land als Éieregaascht invitéiert a kritt soumat eng Plattform fir seng zäitgenëssesch Poésie virzestellen.

Communiqué vum Kulturministère

 

Aktualiséiert