Ried vum Romain Schneider am Kader vum 75. Anniversaire vun der "Centrale paysanne"

Am Kader vum 75. Anniversaire vum  vun der "Centrale paysanne" huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Romain Schneider, folgend Ried am Mierscher Kulturhaus gehalen:

  1. ©MA

    Discours de Romain Schneider, ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural
  2. ©MA

    (de g. à dr.) S.A.R. le Grand-Duc Henri ; Marc Fisch, président de la Centrale paysanne ; Romain Schneider, ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural ; n.c.
  3. ©MA

    Festivités du 75e anniversaire de la centrale paysanne au Mierscher Kulturhaus

Altesse Royale,
Här Chamberspresident
léif Kolleegen aus der Regierung an aus der Chamber,
Här President vun der Centrale Paysanne,
léif Eieregäscht…….
Dir Dammen an dir Hären…..

 

Ech freeë mech fir mat iech haut op dëser Plaz 75 Joer Bauerenzentral ze feieren.

D'Geschicht vun der Bauerenzentral ass fir mech ganz enk mat der Geschicht vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft verbonnen.

D'Grënner vun der Centrale Paysanne hate viru 75 Joer erkannt, datt een déi enorm Problemer déi et deemools direkt nom zweete Weltkrich ze léise gouf nëmmen zesumme konnt ugoen.

Déi deemoleg Responsabel vun der Bauerenzentral haten awer och verstanen, datt een sech net nëmmen op déi sektoriell an produktionsbezunnen Aspekter konzentréieren duerf, mä datt Gesamtintérête vun de Baueren, Gäertner a Wënzer an hire Famille mat abezu musse ginn. Dat war an dem Sënn eng nei, koherent a ganz modern Approche, déi fir mech och nach haut aktuell ass.

An de Grënnerjore vun der Bauerenzentral war et natierlech fir d'Éischt dringend noutwenneg fir d'landwirtschaftlech Produktioun nees opzebauen an d'Bevëlkerung mat gesonden an héichwäertegen Iesswueren ze beliwweren.

Dofir huet net nëmmen d'Produktioun ugekuerbelt misse ginn, mä och d'Weiderveraarbechtung an d'Vermaachtungsweeër hunn misse gebündelt ginn, fir eng optimal Valorisatioun vun den Agrarprodukter ze erméiglechen.

Mä d'Landwirtschaft huet sech permanent dem Geescht vun der Zäit an neien Erausfuerderunge missen upassen.  Dofir gouf am Kader vun der Bauerenzentral en performante Berodungsservice opgebaut, deen dem Bauere-, Wënzer- a Gäertnerbetrib an all sengen Dimensioune konnt ënnert d'Äerm gräifen, sief um techneschen oder och um juristesche Plang. Eng integréiert Berodung deemno, wéi mer se och nach haut wëllen weider promouvéieren.

Sou ass niewent den anere Gewerkschaften hei am Land eng dynamesch Organisatioun entstan, déi sech onofhängeg fir d'Entwécklung vun der Landwirtschaft au sens large asetze konnt.

D'Bauerenzentral huet dozou bäigedroen, datt de Stellewäert vun der Landwirtschaft an der Gesellschaft an am Staat unerkannt gëtt, sief et fir eng besser sozial Ofsécherung oder och fir e positive Kader opzebauen, den zu der rasanter Entwécklung vun der Landwirtschaft hei am Land gefouert huet.

Nieft dem Opbau an der stänneger Reform vun der gemeinsamer Agrarpolitik huet sech och d'Bauerenzentral iwwert d'Joren weiderentwéckelt.

Mä, deemools wéi haut hunn mer en gemeinsaamt Ziel: mir wëllen en nohaltegen Agrarsecteur, dat beinhalt éischtens den sozialen Volet, zweetens d'Economie an natierlech och d'Ekologie.

Op dësen dräi Pilier'en musse mer d'Landwirtschaft hei am Land an an Europa no fir bréngen.

Am Kader vun der neier Agrarreform solle Memberstaaten méi Fräiheete kréie fir déi Mesuren auszeschaffen déi am beschten op hier Landwirtschaft, hire Bueden, an och op hier Gesellschaft passen.

Gläichzäiteg musse mir awer och méi iwwergeuerdent Zieler erreechen notamment am Klima-, Waasser- an Naturschutz.

Ech gesinn hei kee Géigesaz zu enger moderner Landwirtschaft, ganz am Géigendeel: ech sinn zouversiichtlech datt wann mer weider verstäerkt op eng Qualitéitslandwirtschaft, eng "Landwirtschaft plus", bauen, datt mir dann an déi richteg Richtung ginn.

An dofir ass et essentiell a selbstverständlech datt de Beruff ganz enk an den Prozess vun der Ëmsetzung vun der neier PAC agebonne gëtt. Déi éischt Etappe hu mer elo hannert eis, ech mengen domadder SWOT-Analyse. Dorobber baut dann den Strategieplang op, wou jo déi konkret Moossname vum éischten an zweete Pilier dra fixéiert ginn. Ziel ass datt mer den "Plan stratégique" fir Enn vum nächste Joer souwäit finaliséiert hunn fir datt mer en dann Ufanks 2021 offiziell der Kommissioun ënnerbreede kennen.

Bis datt mer dat neit Agrargesetz hunn wäert et deemno nach daueren. Mir duerfen d'Betriber awer net am Ongewësse stoe loossen. Den Secteur brauch Planungssécherheet an dofir wäerte mer dofir suergen datt mer en fléissenden Iwwergang vun dëser Period an déi nei kréien. 

Dir Damen dir Hären

Dir wësst datt d'Regierung ganz geschwënn en Klimagesetz presentéiert an en Klimaplang ausgeschafft muss ginn.  D'Landwirtschaft ass de Secteur deen am meeschte vum Klimawandel betraff ass an den awer och interessant Léisunge brénge kann, an dem en de Karbon am Buedem banne kann. An do hunn mir hei zu Lëtzebuerg gutt Viraussetzunge well mer jo en Grénglandstanduert sinn.

De Beruff huet viru Kuerzem, an dofir felicitéieren ech iech, eng Stellungnam zum Entworf vum Klimaplang virgestallt.

Ech stelle fest datt eis Vuen sech zum ganz groussen Deel iwwerschneiden. D'Landwirtschaft muss natierlech hiren Deel zur Reduktioun vun de Klimagase bäidroen, si stellt awer nëmme ronn 7% vun den Emissiounen duer, deemno sinn déi aner Secteuren och a méi gefuerdert.

Mais d'Landwirtschaft ass elo schonn ganz aktiv, dat muss och mol eng Kéier ënnerstrach ginn. Zum Beispill ginn op der Hallschent vun der Agrarfläch zu Lëtzebuerg Agrar-Ëmwelt- an Biodiversitéitsprogrammer ëmgesat, déi jo zu engem groussen Deel och en positiven Effet op de Klimaschutz hunn. Op där Erfarung musse mer opbauen.

Wichteg fir mech ass awer och datt mer d'Liewensmëttelproduktioun net a Fro stellen, dëst bleift déi éischt an nobel Aufgab vun der Landwirtschaft.

En weidere ganz groussen Defi ass datt d'Bild vun der Landwirtschaft nees méi positiv muss ginn.

An dem Kontext muss sech éischtens verstäerkt op de Produzent vun de Liewensmëttel fokusséiert ginn. Zweetens muss onbedéngt de Kontakt tëscht dem Produzent an dem Konsument verbessert ginn, fir datt jiddereen dem aneren seng Roll besser versteet.

Mir mussen och dohinner schaffen datt d'Wäertschätzung vun der Landwirtschaft an hire Produkter nees klëmmt.

D'Acteure vun der Liewensmëttelkette musse besser vernetzt ginn, et muss besser informéiert ginn, et muss zesumme geschwat ginn, an net een iwwert den aneren.

Wéi schonn zu de Grënnungszäite vun der Bauerenzentral kënne mer des Defien nëmmen ugoen, wann mer se zesummen upaken, fir d'Landwirtschaft proaktiv an d'Zukunft ze orientéieren.

Mir brauchen dofir och eng staark Beruffsvertriedung, wéi d'Centrale Paysanne, déi ech net als Géigner, mä vill méi als Partner gesinn, fir Léisungen ze sichen an ëmzesetzen.

Nach eng Kéier meng häerzlech Felicitatiounen.

Aktualiséiert