Interview vum Romain Schneider am GUDD

Der LUGA hier gréng Philosophie

Interview : GUDD

GUDD: D'Iddi fir eng Gartenschau zu Lëtzebuerg existéiert jo scho säit Laangem. Wéi ass et dann elo dozou komm, dass des endlech Realitéit wäert ginn?

Romain Schneider:
D'LUGA huet effektiv schonn eng laang Virgeschicht. De laangjärege President vun der Fédération horticole Niki Kirsch war vun Ufank un ee vun de Motoren, déi des ugedriwwen hunn a wéi ech deemools déi éischte Kéier Minister war, vun 2009 bis 2013, do hu mir eis der Saach gestallt an zesumme mam Tourismusministère an der Stad Lëtzebuerg decidéiert, eng LUGA ze maachen. Et war schonn ëmmer de Ween do, eppes op der Basis vun de Bundesgartenschauen opzebauen. Dat Evenement war awer ursprénglech fir 2020 geplangt, mee mir wollten dat Ganzt méi breet opstellen a méi maache wéi just eng Gartenschau. Dat Konzept ass dunn och-an de neie Regierungsprogramm opgeholl ginn a gouf fir 2023 festgeluecht.

 

GUDD: Wat sinn dann déi Haaptziler vun der LUGA aus der Siicht vum Landwirtschaftsministère?

Romain Schneider: D'Iddi ass natierlech de Volet Gaardebau mam Geméisbau an dem ganze grénge Beräich ze promouvéieren. Beim Thema Geméis- an Uebstproduktioun ass hei zu Lëtzebuerg nach Sputt an d'Luucht do. Den zweete Volet vun der LUGA dréint em Nohaltegkeet a Klimaschutz. Mir liewen an enger Zäit, wou ee muss nohalteg iwwerleeën. Den drëtte Volet fält ënner d'Stéchwuert Nation Branding. Mir si net just e Land vun de Finanzen, mee och e Land vum Sport, vum Tourismus, vun der Kultur, der Stadentwécklung. Lëtzebuerg huet vill ze bidden an dat wëlle mir och no bausse weisen.

GUDD: A wéi sollen des konkret ëmgesat ginn?

Romain Schneider:
Den Haaptpunkt ass natierlech d'Stad, mee duerno soll d'LUGA och op aner Plazen uechter d'Land hiweisen. D'Iddi ass d'Stad als Beispill ze ginn, dat da vun anere Gemengen aus dem Land kann imitéiert ginn. Et ass eng Aart Versuchslabo. Mat der LUGA kréie mir eng Bün déi mir notze kënne fir vun ënnen erop de grénge Gedanken ze festegen. Dofir ginn och d'Schoule staark mat an d'LUGA agebonne fir des Linn ze weisen, och schonn an der Ausbildung.

 

GUDD: Wéi eng Roll spillt de Landwirtschaftsministère an dem Ganzen?

Romain Schneider: Mir wëllen natierlech d'Landwirtschaft méi pousséieren a versichen, Léisunge fir d'Problemer vum Secteur ze fannen. Dofir wäert et bei der LUGA och vill em regional Produktioun goen, saisonal Produiten a Bio, mee och Liewensmëttelverschwendung an anti-gaspillage spillen eng grouss Roll. Et geet awer och em d'Zukunft vum Beruff. Mat der LUGA soll d'Bild vun der Landwirtschaft erëm gestäerkt ginn. Se soll e neit Gesiicht kréien. Mir wëllen d'Konsumente méi no un d'Produzente bréngen an dofir si mir als Ministère och frou, dass mir de Lead fir d'LUGA hunn.


GUDD: Wat sinn dann d'Schwieregkeeten, deenen sech de Secteur aktuell stelle muss?

Romain Schneider: Bauer ass e super flotte Beruff, a mat Bauer mengen ech natierlech de ganze Metier, also och Wäibau a Gaardebau. Et huet ee vill Fräiheet mee et ass kloer, dass et net just en Hobby ka sinn, mee et muss och opgoen. Engersäits huet een do d'Thema Terrain, well Land ass e Problem. Anerersäits d'Technik, d'Ausbildung, d'Formatioun sinn en anere Problem. An natierlech d'Käschte fir Personal, Material a sou wieder. Dofir brauche mir an der Landwirtschaft Ënnerstëtzung. An enger Zäit wou d'Oplage vum Secteur ëmmer méi ginn - an ech soen net, dass dat net richteg ass - mee do muss een e budgétairen Equiliber schafe fir dass d'Rechnung herno och opgeet.


GUDD:
Wat erwaart Dir lech als Landwirtschaftsminister an der Hisiicht vun der LUGA?
 

Romain Schneider: Fir eis aus dem Secteur ass et eng flott Geleeënheet, d'Bild vun der Landwirtschaft nei ze gestalten. Et héiert een ëmmer just vun de Skandalen an der Liewensmëttelproduktioun an dat werft e negatiivt Bild op de Beruffsstand. Bei der LUGA, an iwwer déi sechs Méint doriwwer eraus, kënnen d'Baueren och emol weisen, wat si alles fir d'Natur maachen. Et ass also quasi och en interne Secteur Branding, wann een dat esou nenne kann. Déi Projete wäerte jo eréischt nom November zesumme mat den Acteuren ausgeschafft ginn.

GUDD: Wat kéint een sech awer do virstellen?

Romain Schneider: Stéchwierder sinn Urban Farming, Gemeinschaftsgäert, Begringung vun den Diech, Isolatioun, mobilité douce beispillsweis mam Tram an awer och d'Sozialliewen a grousse Strukturen. Dofir spillt de Kierchbierg esou eng wichteg Roll, well en dacks d'Dir fir an d'Land eran ass. Et leeft immens vill do, och op europäeschem Niveau, a vill Leit gesi just dat wann se zu Lëtzebuerg sinn. Dofir ass et wichteg, eng Porte d'Entrée ze hunn, déi uspriechend ass. No 2023 kann de Kierchbierg ganz anescht ausgesinn, dat ass nach dat lescht Puzzelstéck.

GUDD:
Dir waart jo selwer schonn op enger Rëtsch Gartenschauen am Ausland. Wat sinn dann Är perséinlech Uspréch fir d'LUGA?
 

Romain Schneider: Ech war selwer zu Tréier op der regionaler Gartenschau an zu Koblenz op der Bundesgartenschau. A wat do immens flott war a fir eis och vun Ufank un kloer, ass dass mir net einfach iergende Site fir d'LUGA huele wollten, deen duerno nees verschwënnt. D'Saache sollen och no 2023 nach genotzt ginn a stoe bleiwen a weider visibel sinn. De Projet leeft jo offiziell 2025 aus mee et ass awer net just e "one-shot". Wat mech nach impressionéiert hat, war d'Vilfalt vum Gaardebau, virun allem op der Floriade zu Venlo. An den Esprit Saachen ze erfannen, déi Vilfalt un Iddien déi do zustane komm sinn. Dat war einfach immens.

Aktualiséiert