Forum DCSH: De Romain Schneider huet déi éischt Lëtzebuerger Konferenz zur Dokumentatioun a Klassifikatioun vu Klinickopenthalten inauguréiert

De 27. November huet de Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet, déi éischt Lëtzebuerger Konferenz zur Dokumentatioun a Klassifikatioun vu Klinickopenthalten, déi vum Gesondheetsministère a dem Ministère fir sozial Sécherheet um Campus Belval organiséiert gouf, inauguréiert,

©Viorel Dudau
Romain Schneider wärend senger Ried

 

D'Zil vun dëser Sozial-Konferenz war et, d'Chancen an d'Méiglechkeete vun der Dokumentatioun a Klinicken ervirzehiewen an den Austausch vu virbildlech Praktiken an Erfarunge mat internationalen Experte, fir d'Erstellen an d'Traitéiere vun Daten aus dësem System, ze erméiglechen.

De Romain Schneider huet betount: "datt et eis Flicht ass, alles an d'Weeër ze leeden, fir dat d'Bevëlkerung, inklusiv de kommende Generatiounen, Zougang zu enger qualitativ héichwäerteger Gesondheetsversuergung huet, déi mam neiste Stand vun der Medezintechnik mathale kann." an "Fir d'Ressourcë gezielt asetzen ze kënnen, déi fir déi weider Bereetstellung vun héichwäertege Prestatiounen néideg sinn, sinn zouverlässeg Date gefuerdert, an d'Dokumentatioun an der Klinick ass déi wichtegst Ressource."

 

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert