D'Taina Bofferding ënnerstëtzt d'Orange Week 2019: "Ech soen NEE zur Gewalt géint Meedercher a Fraen"

Et ass dat 3. Joer, no 2017 a 2018, datt de Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer d'"Orange Week", organiséiert vum Conseil national des femmes du Luxembourg an der lëtzebuergescher Sektioun vun Zonta International, ënnerstëtzt. Mat der oranger Beliichtung vu villen ëffentleche Gebaier an iwwert verschidden Informatiouns- a Sensibilisatiounsevenementer, gëtt de Sujet vun der Gewalt géint Fraen a Meedercher vum 19. November bis den 10. Dezember an de Mëttelpunkt vum ëffentlechen Interessi gestallt. 

©MEGA
Taina Bofferding bei der Presentatioun vun der "Orange Week 2019"

 

"Ech begréisse besonnesch de Fait, datt d'Unzuel vu Partner vun der Orange Week ëmmer méi grouss gëtt. Dëst wéist datt de Kampf géint d'Gewalt zu engem wichtege Sujet an eiser Gesellschaft ginn ass," huet d'Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer, betount. "Och an engem floréierende Land wéi Lëtzebuerg ass d'Gewalt géint Fraen a Meedercher eng alldeeglech Realitéit. Se ass omnipresent: se geschitt direkt ënnert den Ae vun der Gesellschaft awer och hannert zouenen Dieren. Se ass souwuel physesch, wéi och psychesch. Se huet nei Formen ugeholl an ass och op de neie soziale Medie present, eng Plaz, op där et méi einfach gëtt, Haass ze verbreeden an e feindlecht Klima ze schafen", stellt d'Ministesch fest.

"Aus dësem Grond war d'Ratifizéierung vum Ofkommes vun Istanbul zur Preventioun a Bekämpfung vu Gewalt géint Fraen an haislech Gewalt am Juli 2018 e wichtege Schrëtt, fir op déi vill Facetten, déi d'Gewalt unhuele kann, hinzeweisen. D'Verflichtunge vun dësem internationalen Ofkommes wäerten d'Eckpfeiler vun eise Beméiunge sinn, fir der Gewalt géint Fraen a Meedercher laangfristeg een Enn ze setzen."

D'Ministesch erënnert dorun, datt Lëtzebuerg haut iwwert e wierksame Schutzsystem verfüügt, fir d'Affer vu Gewalt z'encadréieren. Dëst geschitt mat spezifesche juristesche Virschrëften zu haislecher Gewalt an engem Netzwierk vu Partner déi sech dagdeeglech fir d'Bekämpfung vun der Gewalt géintiwwer Fraen a Männer asetzt. "Ouni d'Kooperatioun mat dësen Acteure wier de Staat net kapabel dës sozial Missiounen ze bewältegen. D'Orange Week ass eng gutt Geleeënheet hinne Merci ze soen", esou d'Taina Bofferding.

D'Taina Bofferding encouragéiert déi gesamt lëtzebuergesch Gesellschaft dozou, un de verschiddenen Evenementer vun der Orange Week 2019, wéi och dem Orange Walk, deen dëse Samschdeg an der Haaptstad stattfanne wäert, deelzehuelen. "Kommt alleguer a sot Nee zu der Gewalt géint Fraen a Meedercher andeems Dir Iech der oranger Beweegung uschléisst"

 

Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer

Aktualiséiert