Austausch tëschent dem Paulette Lenert an de Vertrieder vun der Handwierkschamber

Am Kontext vum reegelméissegen Austausch tëscht dem Ministère fir Konsumenteschutz an der Handwierkschamber zu de verschiddenen Aspekter vum Konsumenteschutz huet Donneschdeg den 21 November eng éischt Visitt um Terrain stattfonnt. Fir der Ministesch Paulette Lenert déi virbildlech Praktiken an engem Handwierksbetrib ze demonstréieren, huet d'Handwierkschamber op eng Visitt an déi nei Raimlechkeete vun der Metzlerei Kirsch invitéiert. Dës Raimlechkeete sinn e Beispill fir déi héich Standarden am Domaine vun der Liewensmëttelsécherheet, déi am Lëtzebuerger Handwierk praktizéiert ginn.

  1. ©MPC

    Paulette Lenert wärend der Visitt vun der Entreprise Kirsch zu Grass
  2. ©MPC

    E Mataarbechter vun der Metzlerei Kirsch erkläert de Visiteuren de Produktiounsoflaf

 

An enger Gespréichsronn gouf iwwert aktuell Themen an dësem Domaine diskutéiert, wéi z.B. d'Aféierung vum Hygiène-Barometersystem oder déi spezifesch Besoine vu kleng- a mëttelgroussen Handwierksbetriber, an dësem Fall enger Reegelung fir Bäihëllefen am Beräich Liewensmëttelsécherheet. 

Communiqué vum Ministère fir Konsumenteschutz / Handwierkschamber

Aktualiséiert