Laut Statec kéint eng zweet Indextranche am Laf vum Joer 2023 erfalen

De Statec huet haut seng neiste Previsioune fir d'Inflatioun fir 2023 an 2024 publizéiert. Deemno soll d'Inflatioun 2023 bei 3,4% an 2024 bei 4,8% leien.

Aus de Berechnunge vum Statec geet och ervir, datt eng zweet Indextranche am Laf vum véierten Trimester 2023 kéint erfalen, no där vum 1. Februar 2023 an zousätzlech zu där vu Juni 2022 déi op Abrëll 2023 verréckelt gouf, an datt en Enn vun de Mesuren, déi am Accord vum Koordinatiounscomité Tripartite virgesi waren, deen den 28 September 2022 ënnerschriwwe gouf an den 31. Dezember 2023 ausleeft, am Ufank vum Joer 2024 en Inflatiounsschock ausléise kéinten. Déi gutt Entwécklung vun der Inflatioun 2023 weist, datt déi Mesure positiv Auswierkungen op den Inflatiounstaux hunn, e Phenomen, dat sech och an direktem Verglach mat anere Memberstaten aus der Eurozon weist.

Opgrond vun dëse wirtschaftlechen Entwécklungen a wéi et am Accord Solidaritéitspak 2.0 vum Koordinatiounscomité Tripartite virgesinn ass, wäert de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an den nächste Wochen eng weider Sitzung vun der Tripartite aberuffen, fir iwwer folgend Punkten ze diskutéieren:

  • Den Accord vum Koordinatiounscomité Tripartite vum 28. September 2022 gesäit vir, datt wann de Statec am Laf vum Joer 2023 feststellt, datt en Enn vun de Mesuren Ufank 2024 en Inflatiounsschock kéint ausléisen, sech d'Regierung dozou verflicht eng nei Tripartite-Sitzung anzeberuffen, fir e méiglecht schrëttweist Auslafe vun dëse Moossnamen (phasing out) z'iwwerpréiwen an z'organiséieren.
  • D'Regierung wäert dës Tripartite-Versammlung notze fir mat de Sozialpartner iwwer Kompensatiounsmodalitéite vun der méiglecher zousätzlecher Indextranche ze diskutéieren, déi ausschliisslech de Privatstéit ze gutt komme soll.

D'Regierung engagéiert sech och weiderhi fir d'Kafkraaft vun de Stéit an d'Kompetitivitéit vun de Betriber duerch d'Instrument vum sozialen Dialog z'ënnerstëtzen.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert