Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 23. bis den 29. Januar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 23. bis den 29. Januar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 630 erop, par Rapport zu 550 an der Woch virdrun, wat eng Augmentatioun vu 14,5% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, sinn 52,5% Re-Infektiounen, géintiwwer 48,6% an der Woch virdrun.

Et gouf 3 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 79 Joer.

An de Spideeler goufen et 4 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 12 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 0. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 66 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 23. bis den 29. Januar 2023, goufen am ganzen 289 Dosissen aginn. 9 Persoune kruten eng 1. Dosis, 5 kruten déi 2. Dosis, 34 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 218 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 23 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 30. Januar 2023 op 1.293.007.

474.943 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval

Fir et méi einfach ze maache sech impfen ze loossen, ass de Pop-up Impfzenter ëmmer freides bis den 17. Februar 2023 vun 10:00 bis 16:00 Auer, am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack op. D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Fermeture vum Impfzenter Victor Hugo

Den Impfzenter Victor Hugo mécht seng Diere e Freiden den 10. Februar 2023 um 19:00 Auer zou. D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéieren d'Varianten Omicron BQ.1 a representéieren 53,5% an der 3. Woch vun 2023 (59,6% an der 2. Woch vun 2023). Déi rekombinant Variant XBB representéiert 14,7% an der 3. Woch vun 2023 (11,8% an der 2. Woch vun 2023).

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert. De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 7. Februar 2023 virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 4 an 5.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 23. bis den 29. Januar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 147 op 182 erop, wat eng Augmentatioun vu 24% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert