Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 30. Januar bis de 5. Februar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 30. Januar bis de 5. Februar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 835 erop, par Rapport zu 630 an der Woch virdrun, wat eng Augmentatioun vu 32,6% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, si 50,7% Re-Infektiounen, géintiwwer 52,5% an der Woch virdrun.

Et gouf 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 64 Joer.

An de Spideeler goufen et 5 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 4 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 65 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 30. Januar bis de 5. Februar 2023 goufen am Ganzen 268 Dosissen aginn. 5 Persoune kruten eng 1. Dosis, 5 kruten déi 2. Dosis, 33 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 196 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 29 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 6. Februar 2023 op 1.293.051.

487.905 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval

Fir den Zougang zu der Impfung z'erliichteren, gëtt ëmmer freides, an dat bis de 17. Februar 2023, vun 10:00 bis 16:00 Auer, am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack ee Pop-up Impfzenter opgemaach.

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Fermeture vum Impfzenter Victor Hugo a vum Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval

Den Impfzenter Victor Hugo mécht seng Diere dëse Freiden den 10. Februar 2023 um 19:00 Auer zou.

De Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack mécht seng Diere den 17. Februar 2023 ab 16:00 Auer zou.

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn:  covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéiert d'Variant Omicron BQ.1 a representéiert 40,3% an der 4. Woch (53,5% an der 3. Woch). Déi rekombinant Variant XBB.1.5 representéiert 18,4% an der Woch 4 (7,6% an der Woch 3).

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 4. Woch an der 5. Woch vum Joer 2023 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Déi aktuell Tendenz geet éischter a Richtung vun enger Stabilisatioun vum Genom vun de SARS-COV-2-Stréim, mat Kontaminatiounsniveauen déi vergläichbar si mat deene vun den éischte Woche vun 2023, och wann eng liicht Hausse an der 4. Woch konnt lokal gemooss ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 30. Januar bis de 5. Februar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 192 op 207 erop, wat eng Augmentatioun vu 7,8% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht.

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert