Weiblech Genitalmutilatioun: Eng Null-Toleranz Politik

Am Kader vum Internationalen Dag géint déi weiblech Genitalmutilatioun (de 6. Februar), muss dorun erënnert ginn, datt Lëtzebuerg eng sou eng schwéier Verletzung vun der Egalitéit tëscht Fraen a Männer an sou eng extrem Form vu geschlechtsspezifescher Gewalt net akzeptéiere kann an nimools toleréiere wäert.

D'FGM (Female Genital Mutilation) ass e schwéiere Verstouss géint d'Grondrechter vun de Fraen a Meedercher an eng Verletzung vun hirer kierperlecher a séilescher Integritéit, vun hirem Recht op Sexualitéit, vun hirer Gesondheet, Gläichheet, Sécherheet a vun hirem Recht op Liewen, well dës Praktiken net nëmme gravéierend an dramatesch Folgen hunn, mee och déidlech kënne sinn. Et gi vill Facteuren déi zur Verbreedung vun dëse Praktike bäidroen. An dach ass d'Beschneidung, iwwerall do wou se duerchgefouert gëtt, den Ausdrock vun enger déif verankerter Ongläichheet tëschent de Geschlechter a Meedercher a Fraen, déi eng FGM gemaach krute sinn enger systematescher Form vu Gewalt ausgesat.

Lëtzebuerg setzt sech och weiderhi fir d'Ënnerstëtzung an de Schutz vun der sexueller a reproduktiver Gesondheet, grad esou wéi fir déi reproduktiv a sexuell Rechter, vun de Fraen a Meedercher an. Duerch d'Gesetz vum 20. Juli 2018 huet déi Lëtzebuerger Regierung déi weiblech Genitalverstümmlung zu enger spezifescher Strofdot erkläert, d'Konventioun vun Istanbul approuvéiert a ratifizéiert an domadder hiren Engagement bekräftegt, all Form vu Gewalt géint Meedercher oder Fraen ausnamslos ze verurteelen.

Genitalmutilatiounen an all aner Form vu Gewalt hunn destruktiv Folgen. Se ze verhënneren an ze bekämpfe bedeit awer och, d'Meedercher an d'Fraen dobäi ze ënnerstëtzen hier Rechter, grad esou wéi Männer a Jongen, voll a ganz auszeüben, esou datt si hiert Potential entfale kënnen an hir Zukunft fräi vun Zwang a Gewalt gestalte kënnen, a fir datt si ons Gesellschaft op der Grondlag vu Gläichheet, Gläichbehandlung a Gläichberechtegung opbauen a matgestalte kënnen.

D'Eliminatioun vun der FGM bis 2030 geet jiddereen eppes un an erfuerdert d'Responsabilitéit vum Staat a vun all eenzelem Member vun der Gesellschaft. Fir Lëtzebuerg ass nieft der Prise en Charge vun den Affer vun enger Beschneidung d'Präventioun, dorënner fält d'Sensibiliséierung, d'Bildung an d'Erzéiung schonn a jonke Joren, e Schlësselelement, wou nieft de Fraen a Meedercher och Männer a Jonge musse matagebonne ginn, fir esou zesumme Schrëtt fir Schrëtt eng Ännerung vun der Mentalitéit a vum Verhalen ze bewierken, all schiedlech Praktiken, Traditiounen a Bräich ofzeschafen, Fraen a Meedercher als gläichwäerteg a gläichberechtegt unzëerkennen an d'Transitioun zu enger Gesellschaft mat gläiche Rechter bedéngungslos ze akzeptéieren.

Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer 

Aktualiséiert