-
Stroumversuergungssécherheet Lëtzebuerg bleift wuechtsam a bereet sech vir
Wärend enger Pressekonferenz, den 9. Dezember 2022, huet de Minister fir Energie Claude Turmes, eng Bestandsopnam vun der aktueller Situatioun a punkto Energieversuergungssécherheet gemaach.
-
Erhéijung vun de Pensiounen ab dem 1. Januar 2023
Vum 1. Januar 2023 un klammen d'Pensiounen ëm 2,2%
-
LU-Alert: D'Iwwerschaffe vum Warn- an Informatiounssystem fir d'Populatioun setzt op eng technologesch Spëtzeléisung
Zanter 2021 schafft d'Regierung, ënnert der Koordinatioun vun der Inneministesch, um Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun.
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS, Sirenen an Test-Noriicht op d'GouvAlert-App
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 5. Dezember 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. November 2022
An der Woch vum 21. bis den 27. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.164 erop, par Rapport zu 1.057 an der Woch virdrun.
-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis den 15. Januar 2023
De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)
-
D'Ëmweltministesch huet d'Chamberskommissioun iwwert d'Fortschrëtter am Dossier Superdreckskëscht informéiert
D'Ëmweltministesch huet haut an der Chamberskommissioun, wéi annoncéiert, d'Parlamentarier/-innen iwwer d'Fortschrëtter am Dossier Superdreckskëscht informéiert.
-
Benelux Sommet
Am Kader vun der Lëtzebuerger Presidence vum Ministerkommitee vun der Benelux-Unioun, huet den 28. November 2022 de Benelux-Sommet um Buerglënster Schlass stattfonnt. Déi Lëtzebuerger Presidence konzentréiert sech besonnesch op dräi Prioritéiten: Gestäerkt aus der Pandemie ervirgoen, d'Synergië mat de Nopeschregioune promovéieren a sech fir eng gréng, sécher a kompetitiv Benelux-Unioun asetzen.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 14. bis den 20. November 2022
An der Woch vum 14. bis den 20. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.057 erop, par Rapport zu 913 an der Woch virdrun.
-
LOD.lu – de Lëtzebuerger Online Dictionnaire elo och als App!
Dir sëtzt am Bus a kommt net op e Wuert? Dir sidd um Tour a wësst net, wéi ee Clemency op Lëtzebuergesch seet? Dir sidd am Restaurant a frot Iech, wat en Ziwwi ass? Da frot den LOD fir ënnerwee!
-
Ëmsetzung vun der Omnibus-Direktiv - Nei Rechter fir Verbraucher, déi zu Lëtzebuerg wunnen an akafen
E Mëttwoch, den 23. November 2022 huet d'Chamber de Gesetzesprojet 7904 iwwer d'Ännerung vum Verbrauchergesetz gestëmmt fir d'Direktiv (EU) 2019/2161, bekannt als Omnibus, ëmzesetzen. Mam Akraafttriede vun dësem Gesetz ginn d'Rechter vun de Konsumenten erweidert souwuel beim Online Shopping wéi an de Geschäfter.
-
De Comité de Sélection vum Film Fund Luxembourg koum fir seng véierten a leschte Sessioun vum Joer 2022 zesummen
17 Projeten ginn an der 4. Sessioun vun dësem Joer vum Filmfong finanziell ënnerstëtzt . De Comité de sélection huet an dëser Sessioun net manner wéi 28 Projeten analyséiert.
-
Pressebriefing: Weltforum a ministeriell Reunioun vun der OECD
Eng ministeriell Erklärung a weider wichteg Erkenntnisser ginn no der Reunioun op enger Pressekonferenz mam Sam Tanson, Justizministesch a Kerri-Ann Jones, stellvertriedend Generalsekretärin vun der OECD, virgestallt. De Livestream fänkt géint 14:15 Auer un.
-
COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 7. bis den 13. November 2022
An der Woch vum 7. bis den 13. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 913 erop, par Rapport zu 873 an der Woch virdrun.
-
"Eng turbulent Rees duerch d'Geschicht vum Internationale Weltfraendag": D'Taina Bofferding presentéiert dat neit Kannerbuch "Zaubertru"
De 16. November huet d'Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, en neie Projet virgestallt, deen déi Jonk iwwert déi vill Erausfuerderunge vun de fréiere Generatiounen a Saache Gläichstellung zu Lëtzebuerg soll opklären a sensibiliséieren.
- Éischt Säit
- ...
- 20
- 21
- 22
- 23
- 24
- ...
- Lescht Säit