Stroumversuergungssécherheet Lëtzebuerg bleift wuechtsam a bereet sech vir

Presentatioun vum Noutfallplang  a vum "StroumMonitor"

Wärend enger Pressekonferenz, den 9. Dezember 2022, huet de Minister fir Energie Claude Turmes, eng Bestandsopnam vun der aktueller Situatioun a punkto Energieversuergungssécherheet gemaach. Bei dëser Geleeënheet huet hien d'Aktualiséierung vum Noutfallplang am Energiesecteur virgestallt esou wéi de "StroumMonitor", en neit Instrument fir de nationalen Niveau vun der Stroumversuergung zu Lëtzebuerg ze suivéieren

  1. ©MEA

    (v. l. n. r.) Simeon Hagspiel, Ministère fir Energie a Landesplanung; Claude Turmes, Minister fir Energie; Mario Grotz, Creos; Carlo Bartocci, Creos

    (v. l. n. r.) Simeon Hagspiel, Ministère fir Energie a Landesplanung; Claude Turmes, Minister fir Energie; Mario Grotz, Creos; Carlo Bartocci, Creos

  2. ©MEA

    Claude Turmes, Minister fir Energie

    Claude Turmes, Minister fir Energie

  3. ©MEA

    (v.l.n.r.) Claude Turmes, Minister fir Energie; Mario Grotz, Creos

    (v.l.n.r.) Claude Turmes, Minister fir Energie; Mario Grotz, Creos

  4. ©MEA

    (v. l. n. r.) Claude Turmes, Minister fir Energie; Mario Grotz, Creos; Carlo Bartocci, Creos; Simeon Hagspiel, Ministère fir Energie a Landesplanung

    (v. l. n. r.) Claude Turmes, Minister fir Energie; Mario Grotz, Creos; Carlo Bartocci, Creos; Simeon Hagspiel, Ministère fir Energie a Landesplanung

De Minister fir Energie Claude Turmes betount: "Zurzäit ass de Risk vun engem Stroumausfall net méi héich wéi déi Jore virdrun. Fir awer Informatiounen an Echtzäit a punkto Stroumversuergung ze garantéieren, hu mir, zesumme mat Creos en neit Instrument ausgeschafft, de "StroumMonitor". Mir bleiwe wuechtsam a si virbereet: wann d'Situatioun sech verschlechteren géif, hu mir déi néideg Kriseninstrumenter."

Lëtzebuerg ass gutt positionéiert , mee de Risk vu Stroumausfäll kann ni ganz ausgeschloss ginn.

Laut dem Rapport iwwer d'Wanterprevisioune vun der europäescher Associatioun fir Zesummenaarbecht vun de Stroumnetzbedreiwer (European Network of Transmission System Operators for Electricity, ENTSO-E), gehéiert Lëtzebuerg zu deene Länner an Zentraleuropa, wou een aus den Analyse schléisse kann, datt de Risk vun Enkpäss net méi héich ass wéi an der Vergaangenheet.

E Stresstest vun den däitsche Stroumnetzbedreiwer huet dës Analys bestätegt.

Sech op Risike virbereeden: De Noutfallplang fir de Stroumsecteur gouf aktualiséiert

Fir der neier geopolitescher Situatioun an der Energiekrise, déi och Auswierkungen op de Stroumsecteur huet, gerecht ze ginn, huet de Ministère fir Energie a Landesplanung an enker Zesummenaarbecht mat der Taskforce Energie, déi vum Regierungsrot, dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN), dem Netzbedreiwer Creos an der FEDIL opgestallt gouf, eng Aktualiséierung vum Noutfallplang fir Lëtzebuerg duerchgefouert.

De Plang gouf mat verschiddene Preventivmoossname vervollstännegt fir kënnen enger viraussiichtlecher Stroumknappheet entgéintzewierken, an déi domadder verbonne Moossname goufe méi genau beschriwwen.

Dëse Plang definéiert 3 Phase wat Versuergungssécherheet betrëfft: "d'Preventioun", "d'Fréiwarnung" an "d'Kris".

  1. Preventioun
    An dëser Phas, déi der Standardsituatioun entsprécht, gëtt d'Versuergungssécherheet iwwerwaacht, fir eng sécher Stroumversuergung ze garantéieren.
  2. Fréiwarnung
    Eng Fréiwarnung gëtt ausgeléist, wann e konkreten a spezifesche Risk fir d'Stroumversuergung feststellt gouf. D'Moossnamen an dëser Phas solle verhënneren, datt sech den detektéierte Risk zu enger echter Kris entwéckelt.
    Wann dës Phas declenchéiert gëtt, gesäit de "Noutfallplang - Energie" vum HCPN ënner anerem d'Aktivatioun vun enger Zell fir d'Evaluatioun vum Risk vun engem Energieausfall fir.
  3. Kris
    D'Krisephas steet fir e Blackout duer dee kuerz virum Antrieden ass oder e Blackout, dee scho stattfonnt huet. D'Moossnamen an dëser Phas sollen den Impakt vun der Kris op d'Gesellschaft ofzefiederen.
    Wann eng  manuell Entlaaschtung decidéiert gouf, ass d'Reiefolleg vun dësen Entlaaschtungen an enger Prioritéitelëscht festgeluecht. D'Stéit a kritesch Infrastrukture ginn als lescht entlaascht.
    Wann eng Kris declenchéiert gëtt, gesäit de "Noutfallplang - Energie" ënner anerem d'Aktivatioun vun engem Krisestaf fir. Des Weidere muss d'Kris der europäescher Unioun gemellt ginn.

Méi Transparenz  an Echtzäit: de "StroumMonitor"

De "StroumMonitor"(deen Dir ënner www.creos.lu kënnt consultéieren) gouf ageriicht, fir d'Spëtzenzäite vum Stroumverbrauch unzeweisen an d'Bevëlkerung am Fall vu Stroumknappheet op eng effizient a verständlech Aart a Weis ze warnen.

De "StroumMonitor" ass souzesoen eng Aart Wiederstatioun fir Stroumversuergung an definéiert den nationalen Niveau vun der Stroumversuergung zu Lëtzebuerg. Däitlech Hiweiser vum Netzbedreiwer Creos sollen d'Verbraucher dozou leeden déi richteg Moossnamen ze ergräifen, fir esou kënnen ze garantéieren, datt jidderee sécher mat Stroum versuergt gëtt. De "StroumMonitor" erméiglecht d'Bevëlkerung, am Fall vu Stroumknappheet, ze warnen (oranget oder rout Signal, jee nodeem wéi kritesch d'Situatioun ass). Des Weidere weist hien och d'Spëtzenzäite vum Stroumverbrauch un (mat wäisse Sträifen):

  1. Gréng: "d'Stroumversuergung ass am Gläichgewiicht  − trotzdeem solle mir bewosst mat eisem Stroumverbrauch ëmgoen"
  2. Orange: "d'Stroumversuergung ass kritesch  − mir sollten eise Stroumverbrauch reduzéieren"
  3. Rout: "d'Stroumversuergung ass ganz kritesch  - mir mussen eise Stroumverbrauch reduzéiere fir e Stroumausfall ze verhënneren"
  4. Wäiss Sträifen: "Spëtzenzäiten"

Och wann d'Signal op gréng steet, ass et ubruecht bewosst mat sengem Stroumverbrauch ëmzegoen. Andeems mir an onsem Alldag déi richteg Verhalensweisen uwenden, droe mir bewosst zum Klimaschutz bäi a reduzéiere gläichzäiteg eis Energierechnungen. Dës Geste si besonnesch wärend de Spëtzenzäiten, déi duerch déi wäiss Sträifen ugedeit ginn, wichteg, fir esou onst Stroumnetz ze flexibiliséieren an d'Produktioun vu Stroum aus fossillen Energien, ganz besonnesch de Gas, ze limitéieren.

Weider Informatiounen a Rotschléi fir Äre Stroum-Konsum ze reduzéieren, fannt Dir opwww.zesumme-spueren.lu.

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung

Aktualiséiert