Erhéijung vun de Pensiounen ab dem 1. Januar 2023

Vum 1. Januar 2023 un klammen d'Pensiounen ëm 2,2%

Entspriechend de Bestëmmunge vum Code de la sécurité sociale iwwert d'Pensiounsversécherung, ënnersicht d'Regierung all Joers, ob Basis vun enger Analys, déi vun der Generalinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS) duerchgefouert gëtt, ob eng Upassung vun den aktuelle Pensiounen néideg ass.

Laut de Berechnunge vun der IGSS, beleeft sech de Facteur fir d'Opwäertung fir d'Joer 2023 op 1,553, wat enger Erhéijung vun de Pensiounen ëm 2,2% entsprécht. Dës Revaloriséierung gëtt zousätzlech zu den Indextranchen applizéiert, déi och fir d'Pensioune gëllen.

Communiqué vum Ministère fir sozial Sécherheet

Aktualiséiert