LU-Alert: D'Iwwerschaffe vum Warn- an Informatiounssystem fir d'Populatioun setzt op eng technologesch Spëtzeléisung

Zanter 2021 schafft d'Regierung, ënnert der Koordinatioun vun der Inneministesch, um Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun. D'Warne vun der Populatioun stellt en noutwendegen Outil duer, fir et de Biergerinnen a Bierger z'erlaben, sech op en Evenement virzebereeden, dat schwiereg virauszegesinn ass an eng Menace duerstelle kéint, fir dass si déi néideg Virsiichtsmoossnamen ergräife kënnen, fir sech oder hire Besëtz a Sécherheet ze bréngen a fir, um Enn, ëmmer méi resilient ze ginn.

  1. ©SIP/Luc Deflorenne

    Taina Bofferding, Inneministesch

    Taina Bofferding, Inneministesch

  2. ©SIP/Luc Deflorenne

    Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister

    Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister

  3. ©SIP/Luc Deflorenne

    (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Luc Feller, Haut-Commissaire fir déi national Sécherheet ; Taina Bofferding, Inneministesch ; Alain Becker, Inneministère

    (v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister; Luc Feller, Haut-Commissaire fir déi national Sécherheet ; Taina Bofferding, Inneministesch ; Alain Becker, Inneministère

  4. ©SIP/Luc Deflorenne

    (v. l. n. r.) Pol Henrotte, Direktioun vun der ziviller Sécherheet, Inneministère ; Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS; Patrick Hotsch, Direkter vum CTIE; Grégory Redavid, Chef vum Departement am CTIE; Yann Chevalier, CEO Intersec

    (v. l. n. r.) Pol Henrotte, Direktioun vun der ziviller Sécherheet, Inneministère ; Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS; Patrick Hotsch, Direkter vum CTIE; Grégory Redavid, Chef vum Departement am CTIE; Yann Chevalier, CEO Intersec

  5. ©SIP/Luc Deflorenne

    (v. l. n. r.) Georges Klosen, Chef vum Departement POST ; Gilles Mulheims, Proximus

    (v. l. n. r.) Georges Klosen, Chef vum Departement POST ; Gilles Mulheims, Proximus

"Dës Resilienz an eis Aart a Weis, fir ze liewen, z'integréieren ass eng fundamental Erausfuerderung fir eis Gesellschaft. En effikasse Warnsystem, dee capabel ass, fir e puer Kommunikatiounskanäl ze mobiliséieren a séier ze reagéieren, erlaabt et, d'Risike fir d'Persounen an hiere Besëtz ze reduzéieren. Dat ass en essentielle Bestanddeel vun enger resilienter Gesellschaft. Ech freeë mech iwwert d'Efforten, déi vun de villen Acteure realiséiert goufen, déi beim Opbau vun dësem Warnprojet matmaachen, wat et um Enn erlabe wäert, fir Liewen ze retten”, huet de Premierminister, Staatsminister, Xavier Bettel, betount.

LU-Alert wäert sech op eng global a multikanal Approche baséieren. Global, well all d'national Autoritéiten, déi d'Populatioun warne wëllen, dat op eng effikass an effizient Manéier maache kënnen, a multikanal, well de System verschidde Kommunikatiounskanäl benotze wäert, dorënner z.B. d'sozial Medien, eng App, d'geolokaliséiert SMSen oder nach d'Messagen, déi via Cell Broadcast verschéckt ginn.

Fir dat z'erreechen, gouf dëst Iwwerschaffen an zwee Deeler opgedeelt: An enger éischter Phas huet d'Regierung d'Kommunikatiounsmëttel, déi et gëtt an déi gebraucht ginn, fir d'Populatioun am Fall vun engem gréisseren Evenement ze warnen, verbessere wëllen. Et handelt sech dobäi méi prezis ëm d'zonal SMSen an d'GouvAlert-App. Dofir ginn zanter Mee 2022 reegelméisseg Tester vun de Sireenen, vum Verschécke vun SMSen a vun der App duerchgefouert, fir d'Funktionalitéiten an d'Effikassitéit dovun ze testen. D'Resultater, déi sech doraus erginn, hunn et der Regierung ë.a. erlaabt, déi néideg Konklusiounen ze zéien, fir an enger zweeter Phas d'Entwécklung vun engem modernen a koherenten nationale Warnsystem mat neien, zougänglechen Technologien ze konkretiséieren.

Och op Grond vun de Réckmeldunge vu Biergerinnen a Bierger hunn d'Tester, déi bis elo gemaach goufen, et erlaabt festzestellen, z.B wat d'Sireenen ugeet, dass deenen hiren Toun net iwwerall am Land kloer ze héieren ass, wat zur Konsequenz huet, dass en Deel vun der Populatioun net op eng effizient Manéier ka gewarnt ginn, wann ee just op dee Moyen zréckgräift. Wat d'SMSe betrëfft, kann et zu engem gewëssenen Delai, deen och mol méi laang ka sinn, tëscht dem Verschécken an der Receptioun vum Message kommen.

"An de leschte Jore goufe mir mat Phenomener konfrontéiert, déi net virauszegesi waren, wéi schro Wiederen an Iwwerschwemmungen. Wann een den Impakt kuckt, dee si haten, ass et wichteg, dass d'Regierung sech en effikasse Warn- an Informatiounssystem gëtt, deen eis et erlaabt, séier an effizient ze warnen. Nodeems mer dat, wat besteet, verbessert hunn, ë.a. d'App, musse mer eng laangfristeg Warnstrategie ëmsetzen”, sou d'Inneministesch, Taina Bofferding.

De Kär vun der zukünfteger Léisung fir d'Warne vun der Populatioun besteet aus enger nationaler Plattform, déi un déi verschidde Kommunikatiounskanäl geknäppt ass. Am Mäerz 2022 huet de Stat eng ëffentlech Ausschreiwung erausginn, an am September 2022 krut déi franséisch Firma Intersec SA den Zouschlag, déi ë.a. d'FR-Alert a Frankräich en place gesat huet. Zanterhier schafft d'Regierung ganz enk mat de Bedreiwer vum Handysreseau zesummen, déi hirersäits och déi néideg Infrastrukturen en place setze mussen, fir hir Interoperabilitéit mat der nationaler Plattform sécherzestellen.

Well den Austausch tëscht dem Stat an de Bedreiwer vum Handysreseau gutt ass, an trotz der Komplexitéit vun den technesche Viraussetzungen, déi d'Ëmsetze vun enger vernetzter, multikanaler Plattform erfuerdert, gëtt geschat, dass si virum Enn vum Joer 2023 operationell ass.

Um Enn sief drun erënnert, dass den zukünftege Warnsystem zu kengem Moment op d'Sammelen, d'Opzeechnen, d'Konservéieren, d'Veränneren, d'Consultéieren oder de Gebrauch vu perséinlechen Donnéeën zréckgräife wäert.

Communiqué vum Staatsministère an dem Inneministère

Aktualiséiert