COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 21. bis den 27. November 2022

An der Woch vum 21. bis den 27. November geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.164 erop, par Rapport zu 1.057 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 721 Re-Infektiounen, dat sinn 38,2% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 622 (37,0%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 21. bis den 27. November duerchgefouert goufen, ass vu 6.578 op 7.271 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod hu 35 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.767. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 27. November war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.750 geklommen (am Verglach zu 2.486 de 20. November), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 301.791 op 302.689 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 44,4 Joer.

An der Woch vum 21. bis den 27. November, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 70 Joer.

An de Spideeler goufen et 23 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 17 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 2. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 60 Joer. 

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,03 géintiwwer 1,13 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 16,01%, géintiwwer 16,08% an der Woch virdrun, gefall.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 180 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 164 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Wann een d'Re-infektiounen dobäizielt, läit den Inzidenztaux bei 298 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg a bei 559 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA).

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux no Alterstranche mat abegraff (Quell INSA). Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenztaux an allen Alterstranchen eropgaangen, ausser bei der Altersgrupp 0-4 Joer an der Altersgrupp 55-64 Joer. Déi héchsten Haussë gëtt et bei der Altersgrupp vun 85-89 Joer (+82%), bei den 90+ Joer (+50%) a bei der Altergrupp vu 15-19 Joer (+54%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et bei der Altersgrupp vun 0-4 Joer, mat 68 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer mat 637 Fäll pro 100.000 Awunner an bei der Altersgrupp vun 85-89 Joer mat 507 Fäll pro 100.000 Awunner.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 21. bis den 27. November 2022 goufen am Ganzen 1.635 Dosissen aginn: 19 Persoune kruten eng 1. Dosis, 19 kruten déi 2. Dosis, 103 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.434 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 59 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 28. November op 1.292.235.

474.836 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Aussergewéinlech Schléissung vum Impfzenter Hall Victor Hugo vum 24.12.2022 bis den 02.01.2023.

Den Impfzenter Victor Hugo bleift vum 24. Dezember 2022 bis den 2. Januar 2023 zäitweileg zou.

Contact tracing: Wéi kritt ee seng Isolatiounsordonnance?

Mam neie COVID-19-Gesetz gëtt de Contact Tracing ugepasst: Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft: Gitt an d'Eegen-Isolatioun. Fir Är Isolatiounsordonnance ze kréien, kënnt Dir de Formulaire fir d'Deklaratioun mat der Referenz REFCP ausfëllen op: www.covid19.lu.

Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft,   kritt Dir och eng SMS vu folgender Nummer: (+352) 621 203 000. Weider Informatiounen op covidtracing.lu

Impfméiglechkeeten

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 6. Dezember virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 47 an 48.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert