All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1098 Resultater
  1. Nodeems d'Delaien tëschent der 1. Impfung an der "Booster"-Impfung gekierzt goufen an am Kontext vun enger méi schneller Liwwerung vun Impfstoffer, huet d'Regierung decidéiert vum 10. Januar 2022 un en temporäre 5. Impfzenter an der Luxexpo The Box (Kierchbierg) opzemaachen.

  2. No den éischten Impfaktioune fir Sans-abrien de 1. an 2. Juni 2021 an de 16., 19., an 20. Juli an de Raimlechkeete vun der "Wanteraktioun", gouf den 13. a 15. Dezember 2021 eng "Booster-" an Éischtimpfung-Campagne organiséiert.

  3. Salariéen, déi hir éischt Impfdosis kruten, kënne sech ab dem 14. Januar 2022 gratis teste loossen, bis se hir 2. Impfdosis kréien. An dësem Kontext kréien déi betraffe Persounen zanter dem Donneschdeg, 16. Dezember 2021, bei hirem éischten Impf-Rendez-vous eng Serie vun 20 Coden.

  4. Den 1. Januar 2022 trëtt d'Gesetz vum 8. Dezember 2021 a Kraaft, dat d'Direktiven (EU) 2019/770 an (EU) 2019/771 transposéiert. Dëst Gesetz moderniséiert d'gesetzlech Konformitéitsgarantie fir de Verkaf vu Wueren a féiert eng Garantie fir digital Inhalter an Déngschtleeschtungen an.

  5. Opgrond vun der aktueller epideemescher Well, de Risike vun der Omikron-Variant an de klammenden Inzidenzen bei der Hospitalisatioun vu geimpfte Persounen, an entspriechend de Recommandatioune vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 14. Dezember, gouf am Regierungsrot vum 15. Dezember decidéiert, den Delai tëscht der leschter Impfung mam Impfstoff vu Pfizer oder Moderna an dem Impf-Rappel (Booster) vu 6 op 5 Méint ze kierzen.

  6. Wéi am Regierungsrot vum 10. Dezember decidéiert, an op Basis vum Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum 29. November, kënne vulnerabel Kanner tëschent 5 an 11 Joer, a Kanner am reegelméissege Kontakt mat vulnerabele Persounen, sech fräiwëlleg impfe loossen.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 34
  4. 35
  5. 36
  6. 37
  7. 38
  8. ...
  9. Lescht Säit