Neit COVID-19-Gesetz: Lockerung vu verschiddene Mesuren

Nom Vott vum neie COVID-19-Gesetz duerch d'Chamber, gouf dat ofgeännert Gesetz vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d’COVID-19-Pandemie op follgende Punkten adaptéiert:

Den 2G+ CovidCheck-System gëtt duerch den 3G ersat

Den 2G+ CovidCheck-System gëtt duerch den 3G-System ersat. Den Accès zu Manifestatiounen, Versammlungen, Evenementer an Etablissementer ass ab elo fir follgend Persoune reservéiert:

  • Persounen déi komplett geimpft sinn a wou de Certificat viru manner wéi 270 Deeg (9 Méint) ausgestallt gouf;
  • Persounen déi komplett geimpft sinn an déi hiren Impfrappel ("Booster") kruten, wann dës hire Certificat vum Impfrappel virleeën (an deem Fall gëtt et keng Limitt vun der Gültegkeet);
  • Persounen déi geheelt sinn an ee Geheelt-Certificat virweisen (dee viru manner wéi 180 Deeg, also 6 Méint, ausgestallt gouf);
  • Persounen déi net geimpft an net geheelt sinn a Persounen déi eng 1. Dosis kruten an déi e gültege Certificat vun engem negativen NAT-Test (PCR) oder engem zertifiéierten Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 virweisen.

Net vum 3G-System betraff si follgend Persounen:

  • Persoune mat engem Certificat vu Konterindicatioune fir d'Impfung. An dësem Fall muss een, fir Accès zu Evenementer, Versammlungen, etc. ze kréien, e Selbsttest op der Plaz maachen, wou d'Resultat negativ ass. Och acceptéiert si gülteg a zertifiéiert Certificate vun engem PCR- oder Antigène-Schnelltest op SARS-COV-2 mat negativem Resultat;
  • Kanner ënner 12 Joer an 2 Méint.

D'Gëltegkeetsdauer vun den Impfcertificaten am Kader vum CovidCheck-System (3G) gëtt un déi fir d'Reesen ugepasst, also op 9 Méint (géintiwwer 6 Méint wéi bis elo ënnert dem CovidCheck 2G+ System), entspriechend der europäescher Reglementatioun.

Den 3G-System gëtt ab elo an de Secteuren Horeca (bannen a baussen), Fräizäit a Kultur applizéiert. Dat neit Gesetz gesäit also de generaliséierten 3G CovidCheck-System vir, ausser an de Spideeler an de Fleegestrukturen, wou den 3G+ weider fir Visiteuren applizéiert gëtt (obligatoresche Selbsttest op der Plaz).

Den 3G-System gëtt op der Aarbechtsplaz nees fakultativ

Den 3G-System, dee säit Dezember 2021 op der Aarbechtsplaz obligatoresch war, gëtt nees fakultativ. Wann d'Entreprise sech net fir den 3G-System entscheet, gëllen déi allgemeng Reegele fir Versammlungen (Masken- an Distanzflicht), esoubal méi wéi 10 Salariéë gläichzäiteg op enger selwechter Plaz sinn (z. B. Büro, Konferenzraum, Kantin)

Een interprofessionellen Accord tëschent de Sozialpartner an der Regierung gouf dofir ënnerschriwwen, dee virschreift, dass d'Applikatioun vum fakultativen 3G-System op der Aarbechtsplaz just agefouert ka ginn, wann d'Personaldelegatioun hire schrëftlechen Accord gëtt. Eng Iwwergangszäit vu maximal 14 Deeg, wärend där den aktuellen3G-System weider applizéiert gëtt, kann ab deem Moment, wou dat neit COVID-19-Gesetz a Kraaft trëtt, en place gesat ginn, fir et esou z'erméiglechen, dass eng nei Decisioun am Accord mat der Personaldelegatioun getraff ka ginn.

Ophiewung vun der Spärstonn um 23 Auer vum Horeca-Secteur

Déi op 23 Auer festgeluechte Spärstonn fir Restauranten, Caféen a Bare gëtt opgehuewen. Ënnert deem neie Gesetz gëllen nees déi normal Ëffnungszäite vum Horeca-Secteur.

D'Persounelimitatioune fir Versammlunge ginn eropgesat

Et gëlle keng Restriktioune fir privat Versammlungen oder Evenementer bei engem Doheem. De CovidCheck Doheem verschwënnt.

D'Persounelimitatioune fir Versammlunge gi mam neie Gesetz follgendermoossen ugepasst.

  • Bei Versammlunge mat max. 10 Persoune gëlle keng Restriktiounen oder sanitär Mesuren.
  • Bei Versammlungen tëschent 11 a 50 Persounen (inclus): Wann d'Versammlung net ënnert dem CovidCheck-System organiséiert gëtt, gëllt déi duebel Konditioun vun der Maskeflicht an 2 Meter Distanz mussen agehale ginn;
  • Bei Versammlungen tëschent 51 a 200 Persounen (inclus): Wann d'Versammlung net ënnert dem CovidCheck-System organiséiert gëtt, gëllt déi dräifach Konditioun vun der Maskeflicht, der Sëtzplaz-Flicht an 2 Meter Distanz mussen agehale ginn;
  • Bei Versammlungen tëschent 201 an 2.000 Persoune gëllt am Prinzip de CovidCheck-System oder et gëllt déi dräifach Konditioun vun der Maskeflicht, der Sëtzplaz-Flicht an 2 Meter Distanz mussen agehale ginn;
  • Bei méi wéi 2.000 Persounen, si Versammlunge just erlaabt, wann een entspriechende sanitäre Protokoll am Viraus vun der Gesondheetsdirektioun akzeptéiert gouf.

D'Dispositioune fir de Sport an d'Kultur goufen ugepasst, fir der Rëmaféierung vum 3G-System Rechnung ze droen. Dëse System gëllt ab deem Moment, wou méi wéi 10 Persounen un der Aktivitéit deelhuelen. E gëllt och am Kader vu schouleschen an ausserschouleschen Aktivitéiten, ab deem Moment, wou méi wéi 10 Persounen un der Aktivitéit deelhuelen.

Elterlech Autorisatioun fir d'Impfung vu mannerjärege Kanner

Fir Kanner bis 15 Joer geet déi elterlech Autorisatioun fir d'Impfung vun engem Tuteur (mat elterlecher Autoritéit) duer. Et gëtt bäibehalen, dass Mannerjäreger ab 16 Joer keen elterlechen Accord brauchen, fir sech géint COVID-19 impfen ze loossen.

Ännerungen a Bezuch op d'Quarantän an d'Isolatioun

D'Quarantän opgrond vu Kontaktfäll gëtt opgehuewen.

Wat d'Isolatioun ugeet, kann den Delai (an der Reegel 10 Deeg) verkierzt ginn, wann déi infizéiert Persoun 2 Antigène-Schnelltester op SARS-COV-2 mat engem Ofstand vu 24 Stonnen duerchféiert an d'Resultat ëmmer negativ ausfält. Dës nei Isolatiounsdauer gëllt fir all Persounen, onofhängeg vum Impfstatus.

Dës nei COVID-19-Mesuren trieden den 11. Februar 2022 a Kraaft a gëlle bis den 30. Abrëll 2022.

Communiqué vum Staatsministère / Gesondheetsministère

Aktualiséiert