D'Chamber huet dat neit Gesetz iwwert d'kulturellt Ierwen ofgeseent

Den Donneschdeg 10. Februar 2022 gouf dat neit Gesetz iwwert d'kulturellt Ierwe vun der Chamber gestëmmt. Et handelt sech hei ëm e wichtege Schrëtt zum Schutz an der Opwäertung vum lëtzebuergesche Kulturierwen. Dat neit Gesetz féiert nei Bestëmmunge fir souwuel dat architektonescht, wéi och dat archeologescht, beweeglecht an immateriellt Ierwen an.

Et geet drëm, d'Kulturierwen als wichtegt Element vun enger nohalteger Entwécklung an enger kultureller Diversitéit ze schützen, et och duerch seng Identifikatioun, Erfuerschung, Erhalung a Schutz opzewäerten an de sozialen Zesummenhalt ze stäerken, andeems een d'Gefill vun enger gemeinsamer Verantwortung fir de gedeelte Liewensraum fërdert.

Dat neit Gesetz moderniséiert d'Legislatioun am Bezuch op d'Kulturierwen, an deem et méi Koherenz a Rechtssécherheet beim Schutz vum kulturellen Ierwen aféiert. Desweidere féiert den Text och d'Bestëmmunge vun den internationalen an europäeschen Texter an deem Beräich an, déi vu Lëtzebuerg ratifizéierten gi waren.

D'Bestëmmunge vun der neier Legislatioun sinn op véier Aspekter vum Kulturierwe konzentréiert: dat archeologescht Ierwen, dat architektonescht Ierwen, dat beweeglecht Ierwen ("Patrimoine mobilier") an och dat immateriellt Ierwen. 

Am neie Gesetz gëtt de Prinzip vun der präventiver Archeologie agefouert. Deemno musse Bauprojeten, déi sech an engem archeologesche Beobachtungsgebitt befannen, ënnert bestëmmte Konditiounen am viraus dem Kulturminister virgeluecht ginn. Dës Prozedur garantéiert dem Amenageur eng méi grouss Viraussiicht am Kontext vun de geplangten Aarbechten, vu datt se d'archeologesch Noutoperatiounen ersetzt, déi soss am Fall vun enger zoufälleger archeologescher Decouverte hu missen duerchgefouert ginn.

Am Bezuch op d'architektonescht Ierwe ginn et am Verglach zum Gesetz virdrun eng ganz Rei Ännerungen. De neien Text féiert den Inventaire vum architektoneschen Ierwen an, wou d'Immobilien, déi Deel vum architektoneschen Ierwe sinn, genee erfaasst an dokumentéiert ginn. Et ginn desweideren och eng Partie Krittäre festgeluecht, op där hirer Grondlag eng Immobilie an den Inventaire vum architektoneschen Ierwen opgeholl gëtt, als nationaalt Kulturierwen agestuuft oder an e geschützte Secteur vu nationalem Interêt opgeholl gëtt.  D'Prozedur vum Klassement selwer ass ausgeschafft gi fir méi Koherenz an och eng besser Berécksiichtegung vun der ëffentlecher Meenung ze bidden. D'Architekturierwe gëtt op Gemengenniveau op Grondlag vum Inventaire a via groussherzoglech Reglementer geschützt, des ersetzen d'Arrêtéë vum Minister oder dem Regierungsrot. Den Text stäerkt och d'Rechtssécherheet vun de Propriétairen, andeems en ënnert anerem och den Inventaire supplémentaire ofschaaft.

Fir d'Iwwergangszäit tëscht der Ausschaffung an dem Fäerdegstelle vum Inventaire vum architektoneschen Ierwe gëtt eng Iwwergangsreegelung agefouert.

Wat dat beweeglecht Ierwen (Patrimoine mobilier) ugeet, féiert dat neit Gesetz eng nei Klassementsprozedur fir d'Kulturgidder an, genee sou wéi e moderne Regime fir d'Circulatioun vun de Gidder, deen international an europäesch Gesetzestexter ëmsetzt an déi vereelzten an deelweis lückenhaft Virschrëften ersetzt. Déi nei Legislatioun ëmfaasst Beräicher, déi bis elo net vun engem nationale Gesetz ofgedeckt goufen, wéi z.B. staatlech Garantien oder Réckgab-Garantien.

Ofschléissend gëtt de neie Gesetzestext dem immaterielle Kulturierwen (Traditiounen, Savoir-faire…) eng gesetzlech Verankerung a Form vun engem Inventaire a Mesurë fir säi Schutz ze garantéieren.

Mam Vott vum Gesetz iwwert d'Kulturierwen hunn och verschidden Institutiounen de Statut vun engem staatleche Kulturinstitut erhalen. Esou gëtt aus dem Centre national de recherche archéologique den Institut national de recherches archéologiques (INRA) an aus dem Service des sites et monuments nationaux den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA).

Informatiouns- und Austauschversammlungen

Nom Vott vum Gesetz iwwert d'kulturellt Ierwe freet sech d'Kulturministesch Sam Tanson, all interesséiert Persoun fir eng vun de véier Versammlungen déi uechtert Land stattfannen z'invitéieren. Hei gëtt dat neit Gesetz iwwert d'Kulturierwe virgestallt an d'Ëffentlechkeet kritt d'Geleeënheet, hir Froen de presenten Experten ze stellen.

Des Reuniounen fanne statt:

  • Am Süden: den 2. März 2022 ëm 19 Auer am Artikuss zu Zolwer
  • Am Osten: den 14. März 2022 ëm 19 Auer am Festsall vum Maacher Lycée zu Gréiwemaacher
  • Am Norden: den 15. März 2022 ëm 19 Auer am Centre des Arts Pluriels (CAPE) zu Ettelbréck
  • Am Zentrum: den 22. März 2022 ëm 19 Auer an der Abtei Neimënster an de Stad 

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert