Communiqué vum Aussen- an Europaministère zu den temporäre Restriktiounen am Beräich vun der Awanderung

Den Aussen- an Europaministère informéiert, dass Lëtzebuerg der Decisioun nokomm ass, d'Recommandatioun (UE) 2020/912 zu den temporäre Restriktioune fir net essentiell Reesen an d'Europäesch Unioun an eng méiglech Ophiewung vun dëse Restriktiounen, ze änneren. D'Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Staatsbierger net méi vun temporäre Restriktiounen op de Baussegrenze fir net essentiell Reesen an de Groussherzogtum betraff sinn, gëtt deemno aktualiséiert. Ab dem 31. Januar 2022, ginn Argentinien, Australien a Kanada vun der Lëscht erofgeholl.

Staatsbierger vun Drëttstaate, déi hire Wunnsëtz an Argentinien, Australien oder Kanada hunn, dierfen ab dem 31. Januar 2022 net méi fir net essentiell Deplacementer an de Grand-Duché areesen.  

Déi betraffe Staatsbierger aus Drëttstaaten mussen an deem Fall hire Wunnsëtz noweise kënnen.

Déi aktualiséiert Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Awunner och fir net essentiell Reesen erëm op Lëtzebuerg dierfen, ass elo follgendermoossen: 

  • Staaten
    • Bahrain
    • Chile
    • China (ënner Virbehalt vu Géigesäitegkeet op EU-Niveau)
    • Indonesien
    • Kolumbien
    • Katar
    • Kuwait
    • Neuseeland
    • Peru
    • Ruanda
    • Saudiarabien 
    • Südkorea
    • Uruguay
    • Vereenegt Arabesch Emirater
  • Sonderverwaltungszonen
    • Hongkong SAR
    • Macao SAR
  • Territorial Entitéiten an Autoritéiten, déi vun op d'mannst engem EU-Memberstaat net als Staat unerkennt ginn
    • Taiwan

Staatsbierger aus Drëttstaaten, déi net an dëser Lëscht opgezielt sinn, dierfe just a follgende Fäll an de Grand-Duché reesen: 

  • Wa se en Openhaltstitel oder eng Openthaltskaart fir Familljemembere vun engem EU-Bierger hunn; mat abgeraff si Persounen, déi ënnert d'Dispositioune vum Austrëttsofkommes tëschent der EU a Groussbritannie falen, an all Persoun déi een Openthaltsrecht oder een nationale Visa fir ee laangfristegen Openhalt entspriechend dem nationale Recht vun engem EU-Memberstaat oder engem Staat vum Schengeraum hunn
  • Oder wa se déi follgend Konditiounen erfëllen: 
    • Wa se am Besëtz vun engem Impfcertificat sinn, deen e kompletten Impfschema noweist an zu Lëtzebuerg als gläichwäerteg unerkannt gëtt. Déi allgemeng Gültegkeet vun den Impfertificaten ass op 9 Méint fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt. D'Gültegkeetsdauer vun de Certificate vun engem Impfrappel ass illimitéiert (cf. Link heidrënner)
    • Wann hir Rees als essentiel gëllt oder wann eng vun de follgenden Ausname fir Familljemembere vu Lëtzebuerger Residenten zoutreffen (cf. Link heidrënner)

Et sief nach eng Kéier dorun erënnert, dass fir all Deplacementer mam Fliger mat Destinatioun Lëtzebuerg zousätzlech sanitär Mesurë gëllen. Jiddwereen deen 12 Joer an 2 Méint oder méi al ass, a mam Fliger op Lëtzebuerg fléie wëll, muss virum Boarding Follgendes virweisen:

  • een Impfcertificat, deen ee kompletten Impfschema[1] géint COVID-19 noweist. Ënnert der Konditioun, dass deen administréierten Impfstoff am Grand-Duché akzeptéiert gëtt. Akzeptéiert sinn Impfcertificaten, déi vu Lëtzebuerg, engem Memberstaat vun der EU oder engem Memberstaat aus dem Schengenraum (EU27 + Island, Liechtenstein, Norwegen, Schwäiz) ausgestallt goufen. Och Certificaten, déi vu verschiddenen Drëttstaaten ausgestallt goufen, ginn akzeptéiert (cf. Link heidrënner). Déi allgemeng Gültegkeet vun den Impfertificaten ass op 9 Méint fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt. D'Gültegkeetsdauer vun de Certificate vun engem Impfrappel ass illimitéiert.
  • ee Geheelt-Certificat, dee vun engem Dokter oder enger ëffentlecher Autoritéit vun engem Memberstaat vun der EU oder dem Schengeraum (EU27 + Island, Liechtenstein, Norwegen, Schwäiz) ausgestallt gouf, fir Persounen déi rezent a bannent 6 Méint virum Deplacement eng Infektioun mam SARS-CoV-2 haten an déi déi entspriechend Isolatiounsperiod an deene respektive Länner symptomfräi ofgeschloss hunn
  • oder een negatiivt Testresultat (op Pabeier oder elektronesch) vun engem Test op SARS-CoV-2 RNA duerch Nukleinseier-Amplifikatioun (NAT) (PCR, TMA oder LAMP Methoden [2]), dee maximal 48 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, oder vun engem Antigène-Schnelltest op SARS-CoV-2 [3], dee maximal 24 Stonne virum Fluch realiséiert gouf, an dat vun engem Laboratoire fir medezinesch Analysen oder all aner dofir zougeloossener Entitéit. Dat negatiivt Testresultat muss, wann néideg zesumme mat enger Iwwersetzung, an enger vun den administrative Sprooche vu Lëtzebuerg, oder op Englesch, Italieenesch, Spuenesch, oder Portugisesch virleien.

Detailer zu deene verschiddene Reegelen, inklusiv enger Definitioun vun essentielle Reesen an deene verschiddenen Exceptiounen, d'Lëscht vun den Drëttstaaten, deenen hir Staatsbierger nees op Lëtzebuerg reesen dierfen, eng Lëscht mat den akzeptéierten Impfcertificaten, souwéi déi genau Modalitéiten, déi am Virfeld ze respektéiere sinn, fannt Dir ënnert follgendem Link: 

https://covid19.public.lu/lb/reesen/letzebuerg-besichen.html

 

[1] a) Ënnert engem kompletten Impfschema versteet een all Schema, wat d'Zuel an den Intervall vun den néidegen Injektiounen definéiert, fir een ausräichende Schutz opzebauen, an dat komplett ass ab der Administratioun vun all den néidegen Dosissen, fir Impfstoffer mat méi wéi enger Dosis, oder, fir Impfstoffer mat enger eenzeger Dosis, no enger Karenzzäit vu 14 Deeg. b) Fir geheelte Persounen, déi bannent 180 Deeg no hirem positive Resultat vun engem NAAT-Test geimpft goufen, ass den Impfschema 14 Deeg no der Administratioun vun der éischter Dosis komplett, an dat onofhängeg vum Impfstoff.

[2] PCR: polymerase chain reaction; TMA: transcription-mediated amplification; LAMP: loop-mediated isothermal amplification

[3] Entspriechend de Krittäre vun der WHO: Antigen-detection in the diagnosis of SARS-CoV-2 infection using rapid immunoassays, Interim Guidance, 11. September 2020, an opgezielt an der Lëscht vun den Antigène-Schnelltester, op Basis vun der Recommandatioun 2021/C24/01 vum 22. Januar 2021.

 

Communiqué vum Aussen- an Europaministère

Aktualiséiert