All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1098 Resultater
  1. Bei Geleeënheet vum alljärleche Weltkonsumentendag betount de Ministère fir Konsumenteschutz datt et wichteg bleift sech fir Konsumenterechter ze engagéieren. Besonnesch am Kader vun der neier Verbraucheragenda wëll d'Europäesch Kommissioun d'Konsumente stäerken an se aktiv un der grénger an der digitaler Transitioun bedeelegen.

  2. Déi éischt Invitatioune fir d'Persounen aus der Phas 3 vun der Impfcampagne gi viraussiichtlech Enn nächster Woch verschéckt (Woch 11). Weider Informatiounen zu de genauen Datumer ginn nodréiglech matgedeelt.

  3. De Gesondheetsministère bestätegt, dass d'Impfunge mat Flaconen aus dem ABV5300-Lous vum COVID-19-Impfstoff vun AstraZeneca, den 8. Mäerz temporär opgehuewen an de 9. Mäerz gestoppt goufen. Dës Entscheedung gouf geholl, nodeems déi éitsräichesch Agence d'Gesondheetsdirektioun iwwer schwéier onerwënschte Virfäll a Kenntnis gesat huet.

  4. An Zesummenaarbecht mat Radio 100,7 organiséiert den Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend de 16. Mäerz vu 14:30 bis 16:00 Auer e Webinaire iwwer "Lëtzebuergesch an der Schoul".

  5. An der Woch vum 1. bis de 7. Mäerz, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.315 op 1.194 (-9,1%) erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 2.847 Fäll am Verglach zu 3.101 Fäll an der Woch vidrun (-9,2%).

  6. An der Woch vum 22. bis den 28. Februar ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.249 op 1.313 (+5,1%) eropgaangen, an d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter ass vun 2.766 op 3.101 Kontakter geklommen (+13,5%).

  7. An der Woch vum 22. Februar 2021 huet d'Douane verstäerkt Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camione gemaach an an deem Kader eng ronn 70 Gefierer kontrolléiert, woubäi bei verschidde Camionen eescht Verstéiss géint bestoend Gesetzestexter festgestallt gi sinn.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 47
  4. 48
  5. 49
  6. 50
  7. 51
  8. ...
  9. Lescht Säit