16.200 Invitatioune goufen un d'Leit op der Waardelëscht fir d'Impfung géint COVID-19 mam Vaxzevria Impfstoff verschéckt

Nodeems d'Waardelëscht fir d'Impfung géint COVID-19 mam Vaxzevria® (AstraZeneca) Impfstoff opgaangen ass, goufen de 27. Abrëll 16.200 Invitatiounsbréiwer per Post verschéckt. Déi invitéiert Persoune kënne sech ab elo ee Rendez-vous an engem Impfzenter huelen.

Dës Invitatiounen hunn, wéi all déi aner Invitatiounen déi fir ee Rendez-vous fir eng Impfung verschéckt goufen, een eenzegaartege Code pro Persoun, deen ee muss uginn, wann een e Rendez-vous hëlt. Dëse Code verséchert, zesumme mat der Matricule vun der invitéierter Persoun, d'Gültegkeet vun der Invitatioun.

Fir d'Persounen op der "AstraZeneca Waardelëscht" bei der Verdeelung vun de Rendez-vouse besser identifizéieren ze kënnen, ass de Code ëm eng Zeeche-Sequenz erweidert ginn. Dës Sequenz gouf beim Drock vun den Invitatiounen net vollstänneg berécksiichtegt - wat dozou gefouert huet, datt deen an der Invitatioun gedréckte Code vum System fir d'Rendez-vousen net erkannt gouf.

Dëse Feeler gouf verbessert, esou datt de System dee méi kuerze Code akzeptéiert. Och wann dat lescht Zeechen net gedréckt gouf, ass d'Eenzegaartegkeet vum Code garantéiert.

Well de System ugepasst gouf, ginn all d'Persounen, déi eng Invitatioun kruten, gebieden dee Code ze gebrauchen, deen an der Invitatioun steet.

Communiqué vum Staatsministère/ Ministère fir Digitaliséierung/ Zenter fir d'Informatiounstechnologien (CTIE)

Aktualiséiert