Nei Perspektive fir d'Lëtzebuerger Landwirtschaft

Interview: GUDD

GUDD: Madamm Ministesch, wat fir eng nei Akzenter hutt Dir bis ewell am landwirtschaftleche Beräich gesat a wéi gesitt Dir d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft an den nächste Joren?

Martine Hansen: Een Haaptakzent ass et fir mech, op den Dialog ze setzen an zesummen no Léisungen ze sichen. Dat maache mir ënner anerem mat den eenzelne Partneren um Wäibau- an um Landwirtschaftsdësch. Sou hu mir zum Beispill no deene Gespréicher eist Agrargesetz ugepasst. Dëst war e.a. wichteg fir eis Wënzer, fir datt si souwäit wéi méiglech an de Genoss vun de Bäihëllefe kënne kommen.

Zesumme mat de Baueren hu mir och eng Taskforce fir d'Ammoniakreduktioun an d'Liewe geruff, fir no gemeinsame Pisten ze sichen an déi ambitionéiert Emissiounsreduktiounsziler op deem Gebitt kënnen z'erreechen.

Wichteg sinn eis och d'lnnovatioun an d'Diversifikatioun. Wa mir eis Landwirtschaft op méi breet Féiss wëlle stellen, musse mer och Weeër weisen, wéi een dat ka maachen. Aus deem Grond hu mir elo eng Ulafstell mam Numm "Agri-Innovatioun" ageriicht fir Baueren, Wënzer a Gäertner, déi nei Iddie matbréngen. Innovativ Iddie wëlle mir geziilt ënnerstëtzen.

Op europäeschem Plang hunn ech mech fir eng Reduktioun vum administrativen Opwand agesat. Zu Lëtzebuerg hu mer d'Mindestunzuel vun de Kontrolle fir Bauerebetriber, déi obligatoresch sinn, fir d'Bäihëllefen ze kréien, vu 5 op 1% erofgesat. Dat ass eng Erliichterung fir d'landwirtschaftlech Beruffer, déi mir weider wëllen ausbauen. Och d'Dokument vun der EU Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen iwwert de strateegeschen Dialog, wou et ëm d'Zukunft vun der Landwirtschaft geet, wäerte mir an deem Sënn zesumme mat deem Secteur kritesch analyséieren.

GUDD: Wat sinn d'Ziler vun de Qualitéitskontrollen a Fuerschungen, wéi se zum Beispill bei de Produkter Mëllech a Wäi gemaach ginn, a wou läit den Notze fir de Konsument?

Martine Hansen: Den Haaptnotze bei der Mëllechanalys lait doran, dass mir domat sécherstellen, dass de Konsument eng qualitativ héichwäerteg a sécher Mëllech kritt, ouni Keimen oder Zellen. Dat ass och fir de Produzent vu Bedeitung, well Qualitéitsproblemer sech op säi Commerce auswierken: Wann Zellen an der Mëllech sinn oder Réckstann vun Antibiotiquë, festgestallt ginn, weess de Mëllechbauer, dass eppes net an der Rei ass. Dat selwecht gëllt beim Wäin, dee vun der Drauf bis zum fäerdege Produkt gepréift gëtt. Den AOP-Label (Appellation d'origine protégée) ass eng Garantie, dass ee kritt, wat op der Wäifläsch dropsteet. Net manner wichteg sinn och d'Fuerschungen op dësem Gebitt, bei deenen ënner anerem drop higeschafft gëtt, d'Qualitéit vun den Drauwen ze verbesseren, den Asaz vu Planzeschutzmëttel ze reduzéieren a pilzwidderstandsfäeg Riewen ze testen.

GUDD: D'Landwirtschaft steet viru groussen Erausfuerderungen. Innovatioun a Fuerschung ginn ëmmer méi wichteg, fir d'Betriber nohalteg an zukunftsfäeg ze gestalten. Wéi ginn d'Betriber op dësem Wee ënnerstëtzt a wat fir eng Impulser wënscht Dir lech fir d'Zukunft?

Martine Hansen: Fir Bauerebetriber bidde mir Bäihëllefen un, mat deenen innovativ Iddie solle verstärkt ënnerstëtzt ginn, wéi z. B. bescht verfügbar Technologië, bei de Stallkonstruktiounen, nei Weeër bei der Veraarbechtung an der Vermaartung. An der Berodung hu mir nei Moduller agefouert. Wéi schonn ugeschwat, kënne sech Leit mat neien Iddien elo bei eiser neier Ulafstell mellen. An da gëtt et och nach eis Newsletter "Neies vum,Land'", déi iwwer nei Projeten informéiert.

Wat d'Diversifizéierung betrëfft, gesäit de Koalitiounsaccord méi en héije Geméis- an Uebstubau vir. Dozou gehéieren och gréisser Zäreprojeten. Fir dës am Sënn vun enger erweiderter nationaler Selbstversuergung ze fërderen, wëlle mir e separat Gesetz schafen.

lwwer d'Méiglechkeete fir d'Ammoniakemissiounen ze reduzéieren, ware mir eis viru Kuerzem an Holland informéieren a schaffen och do u Léisungen.

GUDD: Wat fir eng Virdeeler bitt Ärer Meenung no d'Kooperatioun tëschent verschiddenen Acteure bei der Hierstellung a bei der Vermaartung vu landwirtschaftlech produzéierten lesswueren?

Martine Hansen: Mir hunn eis als Regierung d'Zil gesat, fir déi lokal, regional a saisonal Produkter geziilt z'ënnerstëtzen. Dat geet nëmmen wann d'Landwirtschaft an d'Liewensmëttelhandwierk zesummeschaffen.

Domadder ënnerstëtze mir eis Baueren, eis Liewensmëttelproduktioun an och eis Kulturlandschaft, well déi ass gepräägt vun der Aarbecht vun eise Baueren, Gäertner a Wënzer. E Prinzip, deen zum Beispill ganz gutt funktionéiert beim Catering fir d'Schoulrestauranten, deenen hir "Supply for future"-Philosophie geziilt op biologesch a regional Produkter setzt.

GUDD: Wéi bewäert Dir d'Fuerschung am Wäibausecteur, besonnesch, wat déi experimentell Versuchsfelder an d'Wäinanalyse vum "Institut viti-vinicole" (IVV) oder d'Erfuerschung vun nohaltege Praktiken an Ubauméiglechkeeten, z.B. "Viti-Forst", am Wäibau betrëfft?

Martine Hansen: Déi Versich sinn extreem wichteg, well den eenzelne Wënzer se wéinst dem Käschtenopwand net selwer maache kann; dat iwwerhëlt dann den IVV fir hien. D'Experimenter mat neien, méi resistenten Drauwenzorten a Fuerschungsprojete wéi "Viti-Forst", bei deem d'Monokultur Wäibau duerch d'Planze vu Beem fir méi Schiet beräichert gëtt an doduerch dozou bäidréit, den COZ aus der Loft ze bannen, sinn hëllefräich fir de Fortschrëtt an der Landwirtschaft. Doriwwer eraus kommen déi Recherchen och dem Naturschutz zegutt. Natierlech gellt et ëmmer, d'Resultater vun de Versich ofzewaarden an dann entspriechend ze handelen.

GUDD: Wat ënnerhëlt Äre Ministère, fir d'landwirtschaftlech Beruffer attraktiv fir d'Jugend ze maachen?

Martine Hansen: Déi Beruffer bleiwen attraktiv, wa mir dofir suergen, dass d'Landwirtschaft ka previsibel a rentabel produzéieren. Déi europäesch Rahmebedingungen fir eist Agrargesetz (PAC) änneren all fënnef Joer. Ech setze mech dofir an, dass nit ëmmer alles changéiert gëtt, well ouni Prévisibiliteit kann de Bauer nit plangen.

Op nationalem Plang sensibiliséiere mir, fir d'landwirtschaftlech Beruffer an d'Landwirtschaft u sech méi bekannt ze maachen, dëst mat Aktioune wéi "Landwirtschaft erliewen", bei där d'Betriber hir Diere fir d'Schoulen opmaachen.

Natierlech ass fir eis de Kontakt zur Akerbauschoul wichteg. Jonk Bauere ginn des Weideren iwwer eist Agrargesetz geziilt ënnerstëtzt, sou zum Beispill iwwert d'Éischtinstalléierungsprimm oder iwwer speziell Subside bei Investitiounen.

Besonnesch um Häerz leie mir d'Betribsiwwernamen. Déi Thematik wëll ech mat de de jonke Baueren a Wënzer diskutéieren.

GUDD: Wat fir e Stellewäert huet d'Wuel vun den Déiere fir Äre Ministère?

Martine Hansen Mir plädéiere fir strikt Reegele beim Hale vun Notzdéieren a setzen eis och op EU-Niveau dofir an, dass dës Normen dem Déierewuel entspriechen. Dozou gehéieren och manner laang Weeër bei de Schluechttransporter. Leider konnte mer an där Saach bis elo nach net vill erreechen, besonnesch, wat en europawäit Exportverbuet vu Schluechtdéieren an Net-EU-Länner betrëfft, wéi mer et hei zu Lëtzebuerg hunn.

En indirekte Bäitrag fir d'Déierewuel ass natierlech och d'Gesondheetsvirsuerg fir Déieren. Eis Verwaltung ALVA promouvéiert réigelméisseg Impfungen grad ewéi d'Reduktioun vum Asaz vun Antibiotiquen, am Kader vum "One Health" System, deen zesumme mam Gesondheetsministère duerchgefouert gëtt.

Fir Fall vun net aartgerechter Haltung vun Haus- an Notzdéieren hu mir d'E-Mail-Adress help@deier.lu ageriicht, iwwer déi d'Leit sech kënne mellen, soudass mir kënnen direkt agéieren. An enger Campagne hu mir dofir sensibiliséiert, dass en Hausdéier kee Moudenaccessoire ass, mee mat Responsabilitéite verbonnen ass, an zesumme mat der a.s.b.l "Sauvons Bambi", de Baueren a Jeeër, siche mir no Léisungen, fir dass an Zukunft manner kleng Réi stierwen, wa geméit gëtt.

Och d'Déierenasyler gi vun eis aktiv ënnerstëtzt. An deem Zesummenhang géif ech mir wënschen, dass mer och am Norden ee Partner géife fannen, well de Bedarf ass do!

Member of the Government

HANSEN Martine

Event date

11.12.2024