All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1109 Resultater
  1. Am Mee 2022 haten de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun a seng Partner d'Sensibiliséierungscampagne "Ech ka wielen" lancéiert. D'Zil dovunner ass auslännesch Awunner iwwer hiert Walrecht fir d'Gemengewale vum 11. Juni 2023 ze informéieren an se op d'Noutwendegkeet hinzeweisen sech virum 17. Abrëll 2023 um 17 Auer op de Wielerlëschten anzedroen.

  2. D'Zuel vun den disponibelen Demandeurs d'Emploi hei am Land, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, louch den 31. Januar 2023 bei 15.801 Persounen. Dat ass eng Hausse vun 331 Persounen (2,1%) am Verglach zu Januar 2022. D'Zuel vun den Demandeurs d'Emploi ass an allen Chômageperioden eropgaangen, ausser bei Persounen, déi méi laang wéi 12 Méint ageschriwwe sinn.

  3. Den 10. Mäerz 2023 organiséiert de Ministère fir Konsumenteschutz, zesummen mam Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung eng Konferenz zum Thema Ernierung: "Konferenz: Wat wäerte mir muer iessen ? D'Defien vun der Liewensmëttelproduktioun am Kader vun engem Konsum am Wandel".

  4. Am Kader vum Autosfestival hunn d’Beamten vum Ministère fir Konsumenteschutz Kontrollen bei den Autoshändler uechter dat ganzt Land gemaach.

  5. Nom Ausléise vun der Indextranche, déi duerch d'Publikatioun vun den Indexresultater fir de Mount Januar 2023 confirméiert gouf, an no der mensueller Sëtzung vun der Indexkommissioun den 10. Februar 2023, goufen déi sozial Parametere réckwierkend op den 1. Februar 2023 ugepasst.

  6. Entspriechend dem Artikel L. 223-1 vum Code de travail gëtt den Taux vum soziale Mindestloun (op de Mount gerechent) ab dem 1. Februar 2023 un d'"Cote d'application" 898,93 vum ponderéierten Index vun de Liewenskäschten ugepasst.

  7. Am Hibléck op d'Dimensioun vun den humanitäre Besoinen no den dramateschen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien de 6. Februar 2023, wäert déi Lëtzebuerger Kooperatioun an enger 1. Phas bal 1 Millioun Euro iwwer verschidde Partner un béid betraffene Länner bereetstelle fir dës bei hiren humanitäre Moossnamen z'ënnerstëtzen.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 13
  4. 14
  5. 15
  6. 16
  7. 17
  8. ...
  9. Lescht Säit