Evolutioun vum Chômage am Januar 2023

Le taux de chômage est à 4.9%

D'Zuel vun den disponibelen Demandeurs d'Emploi hei am Land, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, louch den 31. Januar 2023 bei 15 801 Persounen. Dat ass eng Hausse vun 331 Persounen (2.1%) am Verglach zu Januar 2022. D'Zuel vun den Demandeurs d'Emploi ass an allen Chômageperioden eropgaangen, ausser bei Persounen, déi méi laang wéi 12 Méint ageschriwwe sinn.

De Chômagetaux, dee vum Statec berechent a vu saisonale Variatioune berengegt gouf, läit bei 4,9%, wat liicht méi héich wéi dee Mount virdrun ass (4,8%).

D'Zuel vun de Persounen, déi sech nei bei der ADEM ageschriwwen hunn, ass eropgaangen. Esou hunn sech am Januar 2023 2.893 Awunner ageschriwwen. Dat entsprécht enger Hausse vu 534 Persounen oder 22,6% am Verglach zu Januar 2022. Et sief drop higewisen, dat ënnert den Aschreiwunge vun dësem Mount och 90 Persoune waren, déi ënner temporärem Schutz stinn (Flüchtlingen aus der Ukrain).

D'Zuel vun den Awunner, déi de volle Chômage ausbezuelt kréien, ass op ee Joer gekuckt ëm 370 Persounen oder 4,9% eropgaangen a läit elo bei 7 961. D'Zuel vu Persounen, déi vun enger Moossnam profitéieren, läit bei 4.107 an ass domadder ënnert dem Niveau vu Januar 2022 (-191 Persounen oder 4,4%).

Am Laf vum Januar 2023 goufe 4.266 Poste bei der ADEM ausgeschriwwen, wat enger Hausse vu 4,5% am Verglach zu Januar 2022 entsprécht. Um 31. Januar 2023 waren 10.988 Poste fräi. Iwwer ee Joer gekuckt läit d'Progressioun bei 2,0%.

Communiqué vun der Aarbechtsagence (ADEM)

Aktualiséiert