Lancement vum Opruff fir d'Areeche vu Kandidature fir déi zweet Editioun vun den "Luxembourg Tourism Awards"

Den 21. Februar 2023 huet d'Generaldirektioun fir Tourismus en offiziellen Opruff fir d'Areeche vu Kandidature fir déi 2. Editioun vun den "Luxembourg Tourism Awards", déi d'Acteuren aus dem Secteur belounen, déi sech duerch besonnesch innovativ Projeten ervirgehuewen hunn. D'Editioun 2023 vun de "Luxembourg Tourism Awards" konzentréiert sech op de Beräich vum Aktivtourismus a stellt esou déi dynamesch a beräicherend Aktivitéiten déi Lëtzebuerg ze bidden huet an de Vierdergrond. Domadder läit den Akzent op engem Thema wat Abenteuer, Entdeckung an Ekotourismus ëmfaasst. Den Aktivtourismus bitt eenzegaarteg Erliefnesser, déi Lëtzebuerg als Destinatioun opwäerten, an deem déi natierlech a kulturell Ressourcen optimal genotzt ginn. Dës Aart vun Tourismus berout iwwregens och op Nohaltegkeet an dem Erhale vun der Ëmwelt.

D'Editioun 2023 vun den "Luxembourg Tourism Awards" riicht sech un all Entreprise, Fondatioun, ëffentlech Ariichtung, Associatioun ouni Gewënnzweck, Gemengeverwaltung a Privatpersounen, déi Aktivitéiten am Beräich vum Aktivtourismus proposéieren. Dës Editioun ass a verschidde Kategorie opgedeelt: Kultur, Abenteuer, Ekotourismus, Hotellen, Campingen, Gîtes a Gastronomie. Dozou kënnt nach eng nei Kategorie, déi vum "Bénévole méritant". Esou kënnen dëst d'Joer d'Acteuren aus der Tourismusbranche selwer e Benevole fir e Präis virschloen.

"D'Generaldirektioun fir Tourismus setzt sech fir d'Fërderung vum Aktivtourismus an a mir freeën eis doriwwer datt d'Awards 2023 dës Philosophie och erëmginn", esou de Lex Delles, Minister fir Tourismus. "Lëtzebuerg stécht voller Méiglechkeete fir Saachen ze erliewen an ze entdecken a mir si virwëlzeg ze gesinn, wéi d'Participante vun dësem Joer hir Erfarungen an deene verschidde Kategorie virstelle wäerten. D'Generaldirektioun fir Tourismus wëll net nëmmen déi verschidden Acteure belounen, déi sech duerch innovativ Projeten ervirgehuewen hunn, mee och de ganze Secteur dozou ureegen seng touristesch Offer weider ze diversifiéieren an ze erneieren".

D'Kandidature fir d'"Luxembourg Tourism Awards" kënne bis den 28. Abrëll 2023 eragereecht ginn. Weider Informatioune fannt Dir um Site www.tourismawards.lu.

Communiqué vun der Generaldirektioun fir Tourismus

Aktualiséiert