All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1098 Resultater
  1. De 25. Januar 2023 hunn de Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, an d'Carole Muller, Presidentin vun der Confédération luxembourgeoise du commerce, de "Pakt Pro Commerce 2023" virgestallt.

  2. D'Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun vum Kulturministère ass en neien Hëllefsmechanismus fir Auteuren, Kritikerinnen a Kritiker oder Kolumnistinnen a Kolumnisten am kulturelle Beräich, déi en onofhängege Forum, Blog, Vlog oder Podcast fir d'Publikatioun, d'Begleedung oder d'Kritik vun der Aktualitéit vun der artistescher a kultureller Zeen hei zu Lëtzebuerg bedreiwen.

  3. Den 23. Januar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz a Clausen d'Evaluatioun vun der schoulescher Inklusioun zu Lëtzebuerg presentéiert.

  4. Nodeems d'lescht Woch annoncéiert gouf, datt dem Enzo d'Alò säi Film Greyhound of a Girl, eng Koproduktioun vu Paul Thiltges Disributions, fir d'Sektioun Generation Kplus ausgewielt gouf, ass de Lëtzebuerger Kino dëst Joer mat 3 Filmer an der offizieller Selektioun bei der Berlinale (16.-26. Februar) vertrueden.

  5. Den 20. Januar 2023 huet de Regierungsrot den Avant-Projet fir d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Nomenclature vun de medezineschen Akten a Servicer déi vun der Krankeversécherung iwwerholl gi guttgeheescht, fir esou de Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang ëmzesetzen.

  6. D'Zuel vun den disponibelen Demandeurs d'Emploi hei am Land, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, louch den 31. Dezember 2022 bei 15.760 Persounen. Dat ass eng Baisse vu 643 Persounen (-3,9%) am Verglach zu Dezember 2021.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 15
  4. 16
  5. 17
  6. 18
  7. 19
  8. ...
  9. Lescht Säit