Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS, Sireenen an Test-Noriicht op d'GouvAlert-App

Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Mäerz 2023, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sireenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.

De zonalen Testwarnmessage dee verschéckt gëtt, wäert deemno nëmmen d'Bevëlkerung betreffen, déi sech um Territoire vun der Stad Esch-Uelzecht ophält.

Et sief drop higewisen, datt nëmmen déi Leit, deenen hiren Handy am Ament vun der Alert mat enger Handysantenn aus den Zonen, déi uewen opgezielt sinn, verbonnen ass, dës SMS wäerte kréien: "LU-ALERT / ALERTE TEST / NO ACTION REQUIRED / AUCUNE ACTION REQUISE / KEINE HANDLUNG ERFORDERLICH /INFOS: GD.LU/LU-ALERT"

Et sief ervirgehuewen, dass am Kader vun den Tester vum Warnsystem fir d'Bevëlkerung keng perséinlech Donnéeë vum Staat gesammelt oder stockéiert ginn. Dobäi kënnt dass, fir sécherzestellen, dass déi reell Warnmessagen an d'Test-Warnmessagen auserneegehale kënne ginn, de Passage "No action required / Aucune action requise / Keine Handlung erforderlich" just an den Testmessagen ernimmt gëtt.

Et sief nach preziséiert, datt tëschent dem Verschécken an dem Erhale vum Testmessage eng bestëmmten Zäit ka vergoen, wat erkläert, datt net all d'Bierger de Message zum selwechten Zäitpunkt kréien. Et geet een dovunner aus, datt keen eenzele Kommunikatiounskanal eng honnertprozenteg Ofdeckung kann erreechen. Fir awer op eng zefriddestellend Ofdeckung ze kommen, gëtt dorunner erënnert, datt d'Regierung sech fir eng Approche mat verschiddene Kanäl entscheet huet, wat schlussendlech dozou féiere wäert, datt esou vill Leit wéi méiglech kënnen erreecht ginn an deem een d'Stäerkte vun de verschiddene Kommunikatiounskanäl kombinéiert. ​

D'Zil vun dësem Test ass et, sech vun der Fonctionnalitéit vun de verschiddene Warnkanäl z'iwwerzeegen, eventuell verbesserungswierdeg Punkten z'identifizéieren an, virun allem, d'Biergerinnen a Bierger fir d'Benotze vun de Warnkanäl ze sensibiliséieren. D'Teststrategie, déi laangfristeg a reegelméisseg soll duerchgespillt ginn, huet zum Zil, zur Widderstandsfäegkeet vun der Populatioun bäizedroen am Hibléck op Nout- oder Krisefäll, déi en Impakt op d'ëffentlech Sécherheet kéinten hunn.

Virum Hannergrond vun der konstanter Suerg no Verbesserung ginn d'Destinatairen dozou invitéiert, der Regierung hiren eventuelle Feedback op d'Adress:lu-alert@mi.etat.lu ze schécken.

Communiqué vum Inneministère, dem Staatsministère an dem Héije Kommissariat fir national Sécherheet (HCPN) 

Aktualiséiert