Versammlung vum Koordinatiounscomité Tripartite: Ënnerzeechnung vum Ofkommes

D'Joer 2022 war vun engem historesch eemolegen Inflatiounsschub gepräägt, dee mat enger däitlecher Hausse vun den Energiekäschten an de Verbraucherpräisser am Allgemenge verbonne war. Dësen Effekt gouf duerch de russeschen Invasiounskrich géint d'Ukrain nach verstäerkt.

  1. ©SIP / Claude Piscitelli

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  2. ©SIP / Claude Piscitelli

    Gruppefoto

    Gruppefoto

  3. ©SIP / Claude Piscitelli

    Illustration

    Illustration

An dësem Kontext hunn den 31. Mäerz 2022, d'Regierung, d'UEL, d'LCGB an d'CGFP no de Reunioune vum Koordinatiounscomité Tripartite, den 22., 23 an 30 Mäerz 2022, en Accord (Solidaritéitspak) ënnerschriwwen, deen déi éischt negativ Auswierkungen op d'Wirtschaft an d'Stéit offiedere sollt.

Am Hibléck op d'Schwankungen op de Mäert, hat dësen Accord explizitt virgesinn, datt am Fall vun enger Verschlechterung vun der wirtschaftlecher a sozialer Situatioun oder am Fall vun engem méiglechen Declenchement vun enger zousätzlecher Indextranche 2023, eng nei Sitzung vum Koordinatiounscomité Tripartite géif aberuff ginn.

Nodeem dës negativ Entwécklung tatsächlech agetraff ass, hunn d'Regierung, d'UEL, d'OGBL, d'LCGB an d'CGFP no de Sitzunge vum Koordinatiounscomité Tripartite vum 18., 19. an 20. September 2022 een neien Accord (Solidaritéitspak 2.0) ënnerschriwwen, fir d'Kafkraaft vun de Stéit an d'Kompetitivitéit vun den Entreprisë weider ze ënnerstëtzen.

An dësem Accord war eng weider Sitzung vum Koordinatiounscomité Tripartite virgesinn, falls de Statec am Laf vum Joer 2023 feststellt, datt en Enn vun de Mesuren Ufank 2024 en Inflatiounsschock kéint ausléisen, fir e méiglecht schrëttweist Auslafe vun dëse Moossnamen (phasing out) z'iwwerpréiwen an z'organiséieren.

Nodeem d'Previsioune vum Statec vum 8. Februar 2023 de Risk vun engem Inflatiounschock fir Ufank 2024 confirméiert hunn, an deem Fall wou d'Moossname vum Solidaritéitspak 2.0 auslafe géifen, huet de Premierminister d'Sozialpartner den 28. Februar 2023 zu enger Virbereedungssëtzung convoquéiert, ier de Koordinatiounscomité Tripartite den 3. Mäerz 2023 zesumme komm ass.

Bei dëser Reunioun hu sech d'Regierung, déi dräi Gewerkschaften (OGBL, LCGB a CGFP) an d'Patronat, vertrueden duerch d'UEL, op e neie Moossnamepak gëeenegt.

Dëse Moossnamepak ass am Accord vum Koordinatiounscomité Tripartite vum 7. Mäerz 2023 an der Annexe enthalen.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert