finance-durable

Campagne fir d’Sensibiliséierung fir nohalteg Finanzen

Fir eis Welt fir déi zukünfteg Generatiounen ze erhalen, sinn nohalteg Decisiounen am Konsum erfuerdert.

Well sech eise Finanzsystem duerch eng héich Komplexitéit auszeechent, ass et wichteg, de Verbraucher sënnvoll ze begleeden, fir dass hien seng Finanzen beschtméiglech reegele kann an ee bessert Versteesdemech fir den Impakt vu sengem Konsumverhale kritt. Et erweist dofir als extrem wichteg, de Verbraucherschutz duerch kloer Bestëmmungen, eng adequat Opsiicht a relevant Informatiounen an de Vierdergrond ze stellen. Well nëmmen een informéierte Konsument – deen sech de Konsequenze vu sengen Decisiounen bewosst ass – huet d’Méiglechkeet verantwortungsvoll Entscheedungen ze huelen.

Aus dësem Grond bedeelegt sech de Ministère fir Konsumenteschutz un enger landeswäiter Opklärungscampagne zum Thema nohalteg Finanzen, déi vum 1. Mäerz bis de 15. leeft. D’Campagne viséiert besonnesch drop fir de Konsumenten dobäi ze hëllefen fir fondéiert Decisiounen bei hiren Investissementer ze huelen.

D’Leit iwwert d’Wichtegkeet vun de nohaltege Finanzen ze informéieren – an d’Roll déi si dobäi bei der Fërderung vun der Nohaltegkeet spille kënnen -  kann zu engem besseren Versteesdemech an deenen domat verbonnene Risike an Opportunitéiten féieren. Fir de Ministère fir Konsumenteschutz ass et wichteg, dass d’Finanzberoder déi néideg Kapazitéiten hunn, fir de Konsument adequat ze informéieren.

Allgemeng kann dës national Opklärungscampagne de Konsumenten hëllefen fir d’nohalteg Finanzen besser ze verstoen a beim Investéieren an nohalteg Produkter bewosst Decisiounen ze huelen.

Weider Informatiounen fannt Dir ënnert : www.finance-durable.lu

Aktualiséiert