Belsch-Lëtzebuerger Partnerschaft tëschent Proximus Group a LuxConnect am Cloud-Beräich

Am Kader vun der Wirtschaftsmissioun vum Premierminister, Staatsminister Xavier Bettel op d'amerikanesch Westküst, gouf déi Belsch-Lëtzebuerger Partnerschaft tëschent Proximus Group a LuxConnect am Cloud-Beräich virgestallt, dat wärend enger Visitt bei Google zu Mountainview. ​

  1. ©ME

    (v. l. n. r..) Gerard Hoffmann, CEO vu Proximus Luxembourg; Guillaume Boutin, CEO vu Proximus; Paul Konsbruck, CEO vu LuxConnect; Jacques Thill, Staatsministère; Thomas Kurian, CEO vu Google Cloud; Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister

    (v. l. n. r..) Gerard Hoffmann, CEO vu Proximus Luxembourg; Guillaume Boutin, CEO vu Proximus; Paul Konsbruck, CEO vu LuxConnect; Jacques Thill, Staatsministère; Thomas Kurian, CEO vu Google Cloud; Xavier Bettel, Premierminister, Staatsminister

  2. ©ME

    Ënnerzeechnung

    Ënnerzeechnung

Déi zwou Entreprisen hunn en Accord fir d'Grënnung vun enger gemeinsamer Duechtergesellschaft mat Sëtz zu Lëtzebuerg ënnerschriwwen, déi ëffentlechen a privaten Institutiounen an internationalen Organisatiounen offline-Cloud-Déngschter ubidde soll.

Dës Initiative ass Deel vun der Wirtschaftsstrategie vun der Regierung bis 2025 mam Zil d'Digitaliséierung vun der Wirtschaft zum Notze vun der Gesellschaft z'acceleréieren an eng sécher Transformatioun vun der Datewirtschaft z'erméiglechen.

De Xavier Bettel huet besonnesch d'Bedeitung vum Begrëff Souveränitéit ervirgehuewen: D'Pandemie huet d'Verwendung vu Cloud-Léisungen a kollaborativen Tools staark beschleunegt. Déi aktuell geopolitesch Situatioun verstäerkt d'Demande no sécheren Technologien nach weider. Ech sinn houfereg dorop, datt dës Belsch-Lëtzebuerger Zesummenaarbecht en europäesche Virreider a Saache souverän Cloud wäert sinn.

Wärend dem Treffe vum Premierminister mam Thomas Kurian gouf e Projet vu Google zu Lëtzebuerg an de Beräicher Cloud, Cybersécherheet a kënstlech Intelligenz confirméiert. Wärend dëser Entrevue huet de CEO vu Google Cloud erkläert, datt hie sech fir d'Grënnung vun enger Google-Unitéit zu Lëtzebuerg asetze géif: "Technologie dreift de wirtschaftleche Fortschrëtt op der ganzer Welt virun. D'Cloud-Computing Plattform vu Google bitt modernsten Technologie, déi Entreprisen a Regierungen dobäi hëlleft hir informatesch Systemer ze moderniséieren, Donnéeën ze traitéieren an Uwendunge mat kënschtlecher Intelligenz ze erstellen, an och Donnéeën a Bierger mat integréierten Tools am Beräich vun der Cybersécherheet ze schützen an ze sécheren. Mir freeën eis iwwer dës Partnerschaft, fir dës Spëtzentechnologie op Lëtzebuerg ze bréngen, an Ekippe fir d'Vente an d'Promotioun z'investéieren, déi zu Lëtzebuerg an Europa baséiert sinn an déi ons Partner a Clientë bei der Aféierung vun dësen Technologien ënnerstëtzen, an an Zesummenaarbecht mat Regierungs- a Bildungsinstituter Kompetenzzentre fir kënschtlech Intelligenz, Cybersécherheet an aner fortschrëttlech Technologien opzebauen.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert