Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 20. bis de 26. Februar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 20. bis de 26. Februar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1409 erop, par Rapport zu 837 an der Woch virdrun, wat eng Augmentatioun vu 68,3% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, si 53,4% Re-Infektiounen, géintiwwer 50,2% an der Woch virdrun.

Et gouf 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 82 Joer.

Wärend dëser Woch goufen an der Moyenne 10 Patienten déi positiv op de COVID-19 getest goufen, pro Dag an d'Normalfleeg agewisen, par Rapport zu 11 an der Woch virdrun. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 0. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 63 Joer. 

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 20. bis de 26. Februar 2023 goufen am Ganzen 133 Dosissen aginn. 3 Persoune kruten eng 1. Dosis, 6 kruten déi 2. Dosis, 20 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 90 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 14 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 28. Februar 2023 op 1.293.165.

474.971 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéiert déi rekombinant Variant XBB.1.5 a representéiert 35,5% an der Woch 7 (34,5 % an der Woch 6). D'Varianten Omicron BQ.1 representéiert 26,4% an der Woch 7 (30,5% an der Woch 6). 

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 7. Mäerz 2023 virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 8 an 9.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 20. bis de 26. Februar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 247 op 252 erop, wat eng Augmentatioun vu 2,0% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant. 

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert