Temporär Subventioun fir d'Liwwerung vu Wäermt fir Stéit déi un engem Fernwärmenetz ugeschloss sinn

Haut, um 8. Mäerz 2023, huet d'Chamber de Gesetzesentworf 8111 ugeholl, deen eng temporär Subventioun fir d'Liwwerung vu Wäermt fir Stéit, déi un engem Fernwärmenetz ugeschloss sinn, aféiert.

Fir d'Stéit no der aussergewéinlecher Hausse vun den Energiepräisser opgrond vun der internationaler Situatioun ze ënnerstëtzen, huet d'Regierung eng staatlech Participatiounsmoossnam agefouert fir d'Präishausse vun der Liwwerung fir Wäermt déi vun de Privatclienten, déi un engem Fernwärmenetz ugeschloss sinn ze bezuelen ass, op ongeféier +15% am Verglach zum duerchschnëttleche Präisniveau vu September 2022, ze begrenzen. Dës Mesure gëllt vum 1. Oktober 2022 bis den 31. Dezember 2023.

Weider Informatiounen heizou fannt Dir op www.subvention-reseau-chaleur.lu.

Wéi vill Sue kann een duerch dës staatlech Bedeelegung spueren?

Beispiller vu Standardclienten op der Grondlag vu ponderéierte Moyennen:

Eng Standardwunneng mat engem Verbrauch vun 10.000 kWh pro Joer

Mat der Moossnam: 1.640 € TTC

Ouni d'Moossnam: 2.600 € TTC

Bedeelegung déi vum Staat bezuelt gëtt: 960 € TTC

Standard-Eefamilljenhaus mat engem Verbrauch vun 25.000 kWh pro Joer

Mat der Moossnam: 4.100 € TTC

Ouni d'Moossnam: 6.500 € TTC

Bedeelegung déi vum Staat bezuelt gëtt: 2.400 € TTC

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung

Aktualiséiert