Am Hibléck op d’Gemengewale vum 11. Juni 2023 huet d’Corinne Cahen d'Tëschebilanz vun der Campagne „Ech ka wielen“ grad esou wéi déi neisten Zuele vun den Aschreiwungen op d‘Wielerlëschte presentéiert.

Den 2. Mäerz 2023 huet d’Ministesch fir Famill an Integratioun, Corinne Cahen, eng Tëschebilanz vun der Sensibiliséierungscampagne „ Ech ka wielen“, grad esou wéi déi neisten Zuelen wat den Taux vun den Aschreiwunge vun den Net-Lëtzebuerger Residenten am Nationalregëster ugeet, virgestallt. Bei dëser Geleeënheet gouf si vum Emile Eicher begleet, deen als President vum Syvicol déi 102 Gemengen hei am Land vertrëtt.

©MFAMIGR (v. l. n. r.) Emile Eicher, President vum Syvicol; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun
(v. l. n. r.) Emile Eicher, President vum Syvicol; Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun

D’Ministesch huet betount, wéi wichteg déi politisch Bedeelegung vun all eenzelnem Bierger bei de Gemengewalen ass, egal op een Lëtzebuerger ass oder net: "Demokratie kann nëmme weider bestoen, wa jiddereen dorunner deelhëllt. Dofir ass et wichteg, datt sech och Net-Lëtzebuerger op de Wielerlëschten androen, fir kënnen den 11. Juni 2023 un de Walen deelzehuelen. D’Gemengepolitik bestëmmt den Alldag vun ons alleguer."

Den Emile Eicher huet séngersäits ervirgehuewen, datt d’Gemenge besonnesch no un de Bierger sinn. "D’Gemengen hunn eng ganz Rëtsch un Zoustännegkeetsberäicher, déi den Alldag vun de Bierger direkt betreffen: Maison Relaisen a Crèchen, de Schoultransport, d’Gestioun vum Offall, de kommunalen Urbanismus an d'Ënnerstëtzung vum Logement. Dofir wëll ech all Gemengen dozou encouragéieren un onserer „Journée nationale de l’inscription“ deelzehuelen an hir Diere fir all d’Bierger opzemaachen, fir datt si sech an de Wielerlëschten aschreiwe kënnen."

Duerch d'Ännerung vum Walgesetz am Joer 2022 hunn elo auslännesch Matbierger, déi manner wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnen, och d'Recht un de Gemengewalen deelzehuelen.

Am Mee 2022 haten de Ministère fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun a seng Partner d'Sensibiliséierungscampagne „Ech ka wielen“ lancéiert, fir all Net-Lëtzebuerger Awunner iwwert hiert Recht fir un de Gemengewale vum 11. Juni 2023 kënnen deelzehuelen, ze sensibiliséieren an ze informéieren.

Zu de Sensibiliséierungsaktioune vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun zielen ënner anerem:

  • d'Ausschaffe vu Sensibiliséierungsmaterial (Affichen, Deplianten, spezifeschen Internetsite a fënnef Sproochen echkawielen.lu).
  • d'Verschécke vun engem Kommunikatiounskit u Gemengen, u konventionéiert Partner vum Departement vun der Integratioun, u politesch Parteien an, jee no Nofro, u verschidden Entreprisen, Syndikater, Jugendhaiser a verschidden Dokterpraxissen.
  • d'Ausschaffe vu Videoe mat Erklärungen an Temoignagen, grad esou wéi eng kontinuéierlech Sensibilisatioun op de sozialen Netzwierker.
  • Am Kader vun der Campagne hëlt de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun reegelméisseg an zesumme mat de Membere vum CNE, Multiplicateuren a Membere vun de verschiddene CCCI un Evenementer mat engem Informatiounsstand deel.
  • Zwou GRESIL-Gruppen (Groupe d'échange et de soutien en matière d'intégration au niveau local), an deene lokal a regional Acteuren zesummekommen, fir sech iwwer Sujeten a Relatioun mam Zesummeliewen auszetauschen, befaasse sech mam Theema vun der Matbestëmmung vun de Bierger an der politescher Participatioun. A Form vun Aarbechtsblieder a Videoe goufe verschidde gëeegent Praktike virgestallt, déi de Membere vun de kommunale Berodungskommissioune fir Integratioun (CCCI) als Guide bei der Organisatioun vun hire lokalen a regionalen Aktivitéiten dénge sollen.
  • Am Kader vun enger Ausschreiwung PAN (nationalen Aktiounsplang) Intégration 2022, sinn dräi Projeten ausgewielt ginn, déi di politesch Participatioun fërdere sollen.
  • Zesumme mam CEFIS an EMN Luxembourg wëll de Ministère den Event "Je peux voter @uni.lu" op der Universitéit Lëtzebuerg organiséieren, fir Net-Lëtzebuerger Studenten iwwer hiert Walrecht opzeklären.
  • Eng enk Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend mécht et méiglech, fir eng Sensibiliséierungscampagne a verschidde Formatiounsarriichtungen ze verbreeden, wéi z.B. duerch d'Projektioun vu verschiddenen Informatiounsfilmer um Ufank vum Cours.
  • D'Salariéschamber verdeelt Flyeren un d'Participante vun de Formatiounscoursen.
  • Säit Februar 2023 huelen eng sëlleg Entreprisen un enger Sensibiliséierungscampagne fir hier Salariéen deel, bei där de Ministère d'Walbedéngunge virstellt an d'Salariéen encouragéiert sech am Walregëster vun hirer Wunngemeng anzeschreiwen.
  • Zesumme mam Inneministère, mam Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an dem SYVICOL, wëll de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun en nationalen Aschreiwungsdag organiséieren, deen den 18. Mäerz 2023 stattfanne soll (also ee Mount ier den Delai fir sech anzeschreiwe fir Net-Lëtzebuerger ofleeft).

Presentatioun vun de neien Zuele vun den Aschreiwungen

Fir kënnen e genaue Suivi vun den Aschreiwungen op de Wielerlëschten ze maachen, schafft de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun mam Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) zesumme fir Statistiken iwwer d'Aschreiwungen ze kréien, déi no bestëmmten individuelle Krittären an no Wunngemeng opgedeelt sinn.

D'Ministesch Corinne Cahen huet déi nei Statistiken zu den Aschreiwungen der Press virgestallt: "Wat d'Wale méi no réckelen, wat d'Leit sech méi dofir interesséieren. Am Januar hate sech 1.633 Persounen op de Wielerlëschten agedroen, an am Februar waren et der schonns 2.206."

Aktuell läit den Taux vun den Inscriptioune bei 12,5% (32.197 Persoune sinn op de Wielerlëschten ageschriwwen, potentiell Wieler: 224.888, Insgesamt: 257.085).

D'Zil vun de Statistiken ass et, déi Gruppen un Awunner ze identifizéieren, bei deenen den Taux vun den Inscriptiounen nach ëmmer niddreg ass, a bei deenen d'Informatiouns- a Sensibiliséierungsbeméiungen nach verstäerkt musse ginn, an deem een hinnen Ureegunge bitt, fir un dësem wichtegen demokrateschen Evenement deelzehuelen, dat fir jiddereen op ass.

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun 

Aktualiséiert