Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 27. Februar bis 5. Mäerz 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza).

COVID-19

An der Woch vum 27. Februar bis de 5. Mäerz 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.606 erop, par Rapport zu 1.409 an der Woch virdrun, wat eng Augmentatioun vu 14,0% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, si 52,3% Re-Infektiounen, géintiwwer 53,4% an der Woch virdrun.

Et gouf 1 weideren Doudesfall am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Doudesaffer war 94 Joer al.

Wärend dëser Woch goufen an der Moyenne 16 Patienten déi positiv op de COVID-19 getest goufen, pro Dag an d'Normalfleeg agewisen, par Rapport zu 10 an der Woch virdrun. ​ Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 0. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 71 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 27. Februar bis de 5. Mäerz 2023, goufen am Ganzen 79 Dosissen aginn. 4 Persoune kruten eng 1. Dosis, 6 kruten déi 2. Dosis, 8 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 56 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 5 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 28. Februar 2023 op 1.293.188.

474.978 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS)  https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéiert déi rekombinant Variant XBB.1.5 a representéiert 46,1% an der Woch 8 (35,5 % an der Woch 7). D'Varianten Omicron BQ.1 representéiert 22,6% an der Woch 8 (26,4% an der Woch 7).

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 8. an der 9. Woch 2023 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Op nationalem Niveau ass den observéierte Contaminatiounsniveau am Laf vun der 8. Woch ganz änlech zu den Niveauen, déi wärend de leschten zwee Méint festgestallt goufen, mee an der 9. Woch gouf eng däitlech Erhéijung nogewisen. Op lokalem Niveau kann dës Erhéijung bal iwwerall observéiert ginn, besonnesch ausgepräägt ass se awer an de Kläranlagen zu Beggen, Péiteng, Beetebuerg, Miersch a Bleesbréck a Gréiwemaacher.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 27. Februar bis de 5. Mäerz 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 304 op 318 erop, wat eng Augmentatioun vu 4,6% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Aktuell ass den Influenza Virus Typ B predominant.

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg
Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS)  https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert