All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1111 Resultater
  1. Ab dem 1. Februar 2023 kritt de Carnet de santé en neit Ausgesinn. Den neie Carnet de santé, dee vun der Gesondheetsdirektioun ausgeschafft gouf, ass Deel vun enger Politik déi méi Neutralitéit a Gläichheet tëschent Meedercher a Jonge fërdere soll.

  2. Am Januar 2023 huet de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, an Zesummenaarbecht mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), eng Ëmfro iwwer d'Besoine vu Persoune mat enger Behënnerung zu Lëtzebuerg lancéiert.

  3. Um Dag virum Akraafttriede vun den neie Regelen a Saachen Tutelle administrative iwwert d'Gemengen an déi hinnen assimiléiert Entitéiten hunn d'Inneministesch an de President vum Syvicol op enger Pressekonferenz d'Schlësselelementer ervirgehuewen, déi zum Wuel vun de Gemengen a vum Inneministère méi e modernen, transparenten an digitale Verwaltungsprozess aféieren.

  4. Duerch de Krich an der Ukrain an déi domadder verbonnen Hausse vun den Energiepräisser, gouf d'Reglement (UE) 2022/2577 vum Rot iwwer d'Schafung vun engem Kader fir de schnellen Asaz vun Installatioune fir erneierbar Energie adoptéiert an ass den 22. Dezember a Kraaft getruede fir esou mat direkten an temporäre Moossname gezielt erneierbar Energien ze fërderen.

  5. De 25. Januar 2023, hunn d'Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds national de la recherche (FNR) an offizielle Vertrieder vu Research Luxembourg, eng Konventioun fir déi zweet Editioun vun der Sensibiliséierungscampagne "Women and Girls in Research" ënnerschriwwen.

  6. De 25. Januar 2023 hunn de Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, an d'Carole Muller, Presidentin vun der Confédération luxembourgeoise du commerce, de "Pakt Pro Commerce 2023" virgestallt.

  7. D'Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun vum Kulturministère ass en neien Hëllefsmechanismus fir Auteuren, Kritikerinnen a Kritiker oder Kolumnistinnen a Kolumnisten am kulturelle Beräich, déi en onofhängege Forum, Blog, Vlog oder Podcast fir d'Publikatioun, d'Begleedung oder d'Kritik vun der Aktualitéit vun der artistescher a kultureller Zeen hei zu Lëtzebuerg bedreiwen.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 15
  4. 16
  5. 17
  6. 18
  7. 19
  8. ...
  9. Lescht Säit