Ee vereinfachte legale Kader fir d'Harmoniséierung vun den offizielle Liewensmëttelkontrollen

"Den héijen Niveau vun der Liewensmëttelsécherheet, dee mir am Grand-Duché ustriewen, erfuerdert een harmoniséierten a vereinfachte legale Kader", erkläert de Minister Claude Haagen no der Sëtzung vum Regierungsrot de 27. Januar 2023. D'Parlament huet de Gesetzesprojet iwwer offiziell Liewensmëttelkontrollen, souwéi iwwer Materialien a Géigestänn, déi dozou bestëmmt si mat Liewensmëttel a Kontakt ze kommen, approuvéiert. De neie Gesetzesprojet wäert d'Gesetz vum 28. Juli 2018 ersetzen, dat den aktuelle legale Kader fir Liewensmëttelkontrolle bilt.

Eenheetlech offiziell Kontrolle fir Konsumenten an Händler

De Projet huet d'Zil d'Zoustännegkeetsberäicher vun der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) ze harmoniséieren. D'ALVA gouf am Oktober 2022 gegrënnt a vereent haut déi meeschten offiziell Kontrollen am Bezuch op d'Liewensmëttelketten ënnert der Opsicht vum Minister Claude Haagen.

Virun der Neiorganisatioun goufen dës Kontrollen vu verschiddenen Administratiounen duerchgefouert (d'Veterinärverwaltung; d'Verwaltung fir technesch Servicer vun der Landwirtschaft; d'Gesondheetsdirektioun; d'Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet), ënnert der Tutelle vun dräi Ministèren (Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Gesondheetsministère; Ministère fir Konsumenteschutz).

An der Praxis besteet d'Zil doran, d'Zwangsmëttel vun de Beamten, déi zoustänneg si fir d'Kontrollen, ze vereenheetlechen, entspriechend der Aarbechtslogik vun der eenheetlecher Administratioun. De Projet proposéiert dofir, nieft den aktuelle strofrechtleche Sanktiounen, och administrativ Mesuren, Zwangsreegelunge fir Persounen, déi sech an enger illegaler Situatioun befannen, a Strofgelder anzeféieren.

Dëst bréngt dräi Virdeeler mat sech: D'Beamte gi besser fir hir Kontrollaufgaben an de Suivi vun de Verstéiss ekipéiert, d'Acteure vun der Liewensmëttelketten erhalen ee progressive Sanktiounskatalog an d'Konsumente profitéiere weiderhi vun de Kontrolle vun der Liewensmëttelsécherheet op alle Niveauen vun der Ketten (national Produktioun, Import, Export).

Juristesch Vereinfachung an Ëmsetzung vum Reglement (EU) n° 2017/625

Mam Gesetzesprojet gëtt och d'Reglement (EU) n° 2017/625 iwwer offiziell Kontrollen an dat nationaalt Recht ëmgesat. Domat gëtt den integréierte System vun den offizielle Kontrollen, op dat sech d'ALVA a verschiddene Beräicher bezitt, mat den EU-Virschrëften an Aklang bruecht.

Ofschléissend huet den Text d'Zil, déi bestoend Rechtsgrondlag ëmfaassend rechtlech ze botzen an ze reduzéieren. Fir den Zäitraum 2021/2022 goufen 320 Règlement-grand-ducallen, Règlement-ministériellen an Arrêté-ministériellen analyséiert, vun deene schonn 124 opgehuewe goufen an och Weiderer opgehuewe wäerte ginn. Wärend sech dës Vereinfachung an éischter Phas op d'Beräicher Liewensmëttel a Materialien a Géigestänn, déi dozou bestëmmt si mat Liewensmëttel a Kontakt ze kommen, konzentréiert, wäerten aner Aspekter am Zesummenhang mat der Liewensmëttelsécherheet zu engem spéideren Zäitpunkt behandelt ginn.

Communiqué vum Ministère  fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Aktualiséiert