Aktualiséiert den
Konstruktiven Echange mat de Vertrieder vu Landwirtschaft, Wäibau a Gäertnerei beim "Agrarsommet"
Op Ufro vum Agrarsecteur haten de Staats- a Premierminister Xavier Bettel, de Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, an d'Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Vertrieder aus der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Gäertnerei de 26. Januar 2023 op den "Agrarsommet" um Schlass Senneng invitéiert.
Op der Dagesuerdnung stoungen déi aktuell wirtschaftlech Situatioun vun der Landwirtschaft, d'Zukunft vun de Jongbaueren, de Stand vun der Gesetzgebung am Zesummenhang mam Agrargesetz, d'Schwankungen op den Agrarmäert, grad esou wéi Sujeten am Beräich vum Ëmweltschutz. Verschidden Acteuren hu betount wéi wichteg eng national Strategie fir déi ekologesch Transitioun am Agrarsecteur wier.
An engem ganz konstruktiven Austausch hunn d'Ministeren d'Ënnerstëtzung vun der Regierung fir d'Landwirtschaft, de Wäibau an d'Gäertnerei confirméiert. Dat zukünftegt Gesetz fir d'Ënnerstëtzung vun der nohalteger Entwécklung vum ländleche Raum, allgemeng als "Agrargesetz" bekannt, soll de Fortbestand vun engem Agrarsecteur sécheren, dee gréisstendeels vu Familljebetriber gedroe gëtt a gläichzäiteg Ureegunge schafen, déi d'Ëmweltufuerderungen an d'Fragilitéit vun eisem Ökosystem berécksiichtegen.
Um Enn vun der Reunioun gouf zréckbehalen, datt de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung a permanentem Kontakt mam Agrarsecteur bleiwe wäert, fir dësen bei der Ëmsetzung vun den neie Bestëmmungen, déi sech aus dem zukünftegen Agrargesetz erginn, ze begleeden. De Claude Haagen huet ënnerstrach, datt seng Administratiounen déi fragil an onbestänneg Situatioun op den Agrarmäert genau suivéiere wäerte fir am Fall vun enger stënterlecher Verschlechterung vun der landwirtschaftlecher Aktivitéit schnell reagéieren ze kënnen. De Landwirtschaftsminister ass dovunner iwwerzeegt, datt dat zukünftegt Agrargesetz et fir 2023-2027 erméigleche wäert, de Produzenten e gerecht Akommes ze sécheren, hir Kompetitivitéit ze stäerken, hinne Planungssécherheet garantéiert, d'Secteuren déi a Schwieregkeete si besser z'ënnerstëtzen an d'Diversitéit vun der einheimescher landwirtschaftlecher Produktioun virunzedreiwen.
D'Ministesch Joëlle Welfring huet hirersäits de Vertrieder aus der Landwirtschaft verséchert, datt hire Ministère de Secteur a senge Beméiungen ënnerstëtze wäert, fir nei Methoden an der Zuucht an am Ubau anzesetzen, déi un déi besonnesch Ëmweltsituatioun an onsem Land, absënns dem Schutz vun de Gewässer an der Biodiversitéit, ugepasst sinn. An engem oppenen Dialog, wou all Propositioune Gehéier fannen, sollen nei Normen a Bestëmmungen entwéckelt ginn.
Op Propositioun vum Premierminister a vun de Jongbauere gouf sech drop gëeenegt e Reflexiounsgrupp ("Zukunftsdësch Landwirtschaft") ze schafen, dee sech mat Froen ëm de landwirtschaftleche Familljebetrib vun der Zukunft befaasse soll, a mat de Konditiounen, déi hei op ekologeschem, wirtschaftlechem a sozialem Niveau ze berécksiichtege sinn. D'Resultater dierften d'Diskussiounen zu Lëtzebuerg, mee och um Niveau vun der europäescher Unioun beliewen an ureegen.
Communiqué vum Staatsministère, dem Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an dem Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung