Den Asaz vun erneierbaren Energië gëtt op kommunalem Niveau beschleunegt

Duerch de Krich an der Ukrain an déi domadder verbonnen Hausse vun den Energiepräisser, gouf d'Reglement (UE) 2022/2577 vum Rot iwwer d'Schafung vun engem Kader fir de schnellen Asaz vun Installatioune fir erneierbar Energie adoptéiert an ass den 22. Dezember a Kraaft getruede fir esou mat direkten an temporäre Moossname gezielt erneierbar Energien ze fërderen.

D'Bestëmmunge vum Reglement leeë maximal Delaie fest fir Baugeneemegunge fir Solarenergie-Anlagen an de Asaz vu Wärmepompelen, déi vun de Gemengen ausgestallt ginn.

Iwwer d'Circulairen No. 4217 an No. 4223 huet den Inneministère, zesumme mam Ministère fir Energie a Landesplanung, d'Gemengen iwwer d'Adoptioun an d'Eenzelheete vum Reglement (EU) 2022/2577 informéiert. Des Weideren huet de Ministère fir Energie a Landesplanung an den Inneministère, de 16. Januar 2023, zesumme mam Syvicol an der Klima-Agence, eng Informatiounsversammlung fir d'Gemengen organiséiert.

Solarenergie-Anlagen

D'Reglement gesäit vir, datt den Delai fir d'Baugeneemegung fir d'Installatioun vun enger Solaranlag a fir eng gemeinschaftlech genotzten Energiespäicheranlag auszestellen net méi wéi laang wéi dräi Méint daueren däerf. Fir Installatioune vun enger Capacitéit vu bis zu 50kW, deemno de Gros vun de Fotovoltaikanlage bei Privatstéit, gesäit de Reglement eng Autorisation tacite vir, wann de Buergermeeschter méi laang wéi ee Mount keng Äntwert gëtt.

Dës verkierzten Delaie gëllen net, wann et d'Beräicher Denkmalschutz, national Sécherheet oder geschützte Secteure betrëfft.

Wärmepompelen

Grad esou däerf och bei de Geothermie-Wärmepompelen d'Ausstellung vun der Baugeneemegung net méi wéi laang wéi dräi Méint daueren.

D'Ausstellung vu Baugeneemegunge fir d'Installatioun vun anere Wärmepompelen däerf net méi laang wéi 1 Mount daueren.

Wéi scho bei de Fotovoltaikanlage gëllen des verkierzte Delaien net, wann et d'Beräicher Denkmalschutz, national Sécherheet oder geschützte Secteure betrëfft.

Publikatioun vun Decisiounen a punkto Ausstellung vun der Baugeneemegung fir déi betraffen Installatiounen

All d'Decisiounen iwwer d'Prozeduren zu den uewe genannte Baugeneemegunge musse vun de Gemenge verëffentlecht ginn. Dat bedeit, datt zukünfteg och Refuse musse publizéiert ginn. D'Modalitéite fir d'Publikatioun vun den negativen Decisioune sinn net am Reglement festgeluecht, mee gi vun de Gemenge bestëmmt.

Communiqué vum Ministère fir Energie a Landesplanung 

Aktualiséiert