D'Sam Tanson huet de Gesetzesprojet iwwer d'Späicherung vu persounebezunnen Donnéeë virgestallt

De 25. Januar 2023 huet d'Justizministesch de Gesetzesprojet virgestallt, mat deem de nationale legalen Dispositif iwwert d'Späicherung vu persounebezunnen Donnéeën am Beräich vun der elektronesche Kommunikatioun un d'Ufuerderunge vun de leschten Urteeler vum europäesche Geriichtshaff an dësem Domaine ugepasst soll ginn. 

©MJUST (v. l. n. r.) Michèle Schummer, Justizministère; Sam Tanson, Justizministesch; Laurent Thyes, Direktioun fir Strofrecht
(v. l. n. r.) Michèle Schummer, Justizministère; Sam Tanson, Justizministesch; Laurent Thyes, Direktioun fir Strofrecht

Zil ass et, d'Späicherung an d'Notzung vun Trafic- a Standuertdonnéën ze encadréiere fir esou e Gläichgewiicht sécherzestellen tëscht engersäits, den Zougang zu den Donnéeën, déi vun de Bedreiwer a Fournisseure vun elektronesche Kommunikatiounsservicer verschafft gi fir de Schutz vun der nationaler Sécherheet, der Bekämpfung vu schwéiere Strofdoten an der Ofwier vun enger seriöer Bedreeung vun der ëffentlecher Sécherheet, an anerersäits, fir de Schutz vun de Grondrechter vun de Biergerinnen a Bierger.

Besonnesch erméiglechen déi proposéiert gesetzlech Moossnamen déi geziilte Späicherung vun Trafic- a Standuertdonnéën op Basis vu Kategorien u betraffene Persounen oder unhand vun engem geographesche Krittär an déi schnell Späicherung vun Trafic- a Standuertdonnéën.

Déi allgemeng an ondifferenzéiert Späicherung vun Trafic- a Standuertdonnéën ass strengstens limitéiert op:

  • Donnéeën iwwer déi zivil Identitéit fir géint Kriminalitéit kënne virzegoen a fir de Schutz vun der ëffentlecher an nationaler Sécherheet,
  • IP-Adressen déi der Verbindungsquell zougewise si fir géint schwéier Kriminalitéit virzegoen a fir de Schutz vun der ëffentlecher a nationaler Sécherheet,

Trafic- a Standuertdonnéën am Fall vun enger seriöer Menace vun der nationaler Sécherheet, déi sech als reell a géigewäerteg oder previsibel erweist.

Communiqué vum Justizminsitère

Aktualiséiert