Am Kader vum 5. Gebuertsdag vun der Luxembourg Space Agency maache Weltraumentreprisen hir Diere fir d'Ëffentlechkeet op

Am Kader vun hirem fënnefjärege Bestoe mécht d'Lëtzebuerger Weltraumagence zesumme mat Ronn 20 Lëtzebuerger Weltraumentreprisen a Start-Ups iwwert dat ganzt Joer 2023 hir Dieren op fir der Ëffentlechkeet een Abléck an hir Aktivitéiten z'erméiglechen.

©LSA Banner

Vun der Erfuerschung vum Mount, iwwert d'Telekommunikatioun, bis hin zur Hierstellung vu Satellitten - all interesséiert Persoun huet an dësem Kader d'Geleeënheet an d'Welt vun der Raumfaart anzedauchen, Experten ze treffen, hiert Netzwierk z'erweideren an Technologien a Projete vun der Zukunft unhand vu gratis Féierungen, Workshops, Rover-Demonstratioun, asw. kennenzeléieren.

Confirméiert Datumer:

Februar

Mäerz (geschwënn op der Umeldungsplatform)

  • 03-04.03.2023: Kleos Space op der Kockelscheier
  • 09-10.03.2023: Yuri zu Esch-Uelzecht
  • 17-18.03.2023: Hitec zu Mamer

Abrëll (geschwënn op der Umeldungsplatform)

Mee (geschwënn op der Umeldungsplatform)

Juni (geschwënn op der Umeldungsplatform)

  • 09-10.06.2023: Hydrosat zu Lëtzebuerg (Stad)
  • 30.06.2023: Emtronix zu Uewerkäerjeng

D'Lëscht vun den Entreprisen, déi un der Porte ouverte deelhuelen, gëtt kontinuéierlech komplettéiert a kann hei consultéiert ginn. D'Umeldung ass gratis awer obligatoresch.

Communiqué vun der Luxembourg Space Agency (LSA)

Aktualiséiert