Ëmfro iwwert d'Besoine vu Persoune mat enger Behënnerung

Am Januar 2023 huet de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, an Zesummenaarbecht mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), eng Ëmfro iwwer d'Besoine vu Persoune mat enger Behënnerung zu Lëtzebuerg lancéiert. Als Persoun mat enger Behënnerung gëllt all Persoun, déi duerch eng laangfristeg kierperlech, geeschteg, intellektuell oder sensoresch Behënnerung, déi an Interaktioun mat verschiddene Barrière sech net kënne voll a ganz un der Gesellschaft opgrond vun der Gläichberechtegung mat anere Mënsche bedeelegen.

D'Ëmfro ass online an op franséisch an däitsch disponibel. Déi zwou Versioune sinn a vereinfachter Sprooch geschriwwen. D'Froen si méi kuerz formuléiert an et gëtt e simplifiéierte Vocabulaire benotzt, fir esou en einfach liesbaren Text ze schafen. Et gëtt souwuel Multiple-Choice-Froen ewéi och oppe Froen. Ënner https://handicap.liser.lu kënnt Dir op d'Froen äntweren

D'Zil vun der Ëmfro ass et ze ermëttele wat zu Lëtzebuerg geännert muss ginn, fir datt Persoune mat enger Behënnerung hiren Alldag méi autonom meeschtere kënnen. Dës Ëmfro erméiglecht Statistiken zu der aktueller Situatioun vu Persoune mat enger Behënnerung grad esou wéi en Inventaire vun den Hëllefen a Moossnamen déi Persoune mat spezifesche Besoinen zur Zäit zur Verfügung stinn. Dës Ëmfro gëtt entspriechend de Fuerderunge vun der Konventioun vun der UNO iwwer d'Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung ausgefouert, déi déi Lëtzebuerger Regierung 2007 ënnerschriwwen an 2011 ratifizéiert huet.

D'Donnéeë ginn a folgende Kategorië gesammelt an traitéiert:

  • Demographesch Donnéeën (Gebuertsdatum, Geschlecht, Familljestand, Ausbildung)
  • Familljesituatioun
  • Akommes, finanziell Hëllefen
  • ausbezuelten a bekannte Prestatiounen
  • Gestioun vum Budget an Ausbezuele vun de Prestatiounen
  • Charakteristike vu der Behënnerung
  • Besoinen an de Beräicher
    • Logement
    • Mobilitéit
    • Autonomie
      • am Alldag
      • am Haushalt
      • a punkto Berodung an Ënnerstëtzung
      • am Beruffsliewen
      • an der Ausbildung
      • an der Fräizäit

D'Ëmfro leeft vum 30. Januar 2023 bis Enn Mäerz 2023.

Communiqué vum Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun

Aktualiséiert