Lancement vun der Ausschreiwung fir d'Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun

D'Ënnerstëtzung vu neie Forme vu kultureller Mediatioun vum Kulturministère ass en neien Hëllëfsmechanismus fir Auteuren, Kritiker a Kritikerinnen oder Kolumnisten a Kolumnistinnen, déi sech am kulturelle Beräich spezialiséiert hunn an déi en onofhängege Forum, e Blog, e Vlog oder e Podcast fir d'Publikatioun, d'Begleedung oder d'Kritik vun der Aktualitéit vun der artistescher a kultureller Zeen hei zu Lëtzebuerg bedreiwen.

D'Zil ass nei Ausdrocksweisen an innovativ Formen ze fërderen, déi d'Kënschtler op hirem artistesche Wee oder Institutiounen an hirer Programmatioun begleeden, esou datt de Public op eng prezis an onofhängeg Meenung zougräife kann, a fir en anere Bléck op d'Konscht an de kënschtlereschen Dialog hei zu Lëtzebuerg ze hunn.

Eligibel sinn Eenzelpersounen aus dem Beräich vun de Medien oder der Kultur. Dës Ausschreiwung riicht sech net u juristesch Persounen, Gesellschaften, ëffentlech Ariichtungen, ASBLen, Gemengen oder Schoulen. Ausgeschloss sinn och Inhalter, déi vun engem vu Presseorganer oder audiovisuelle Medie produzéiert goufen a scho vun anere finanziellen Hëllefe profitéieren.

Persounen, déi vun der Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun - Blogs, Vlogs a Podcasts profitéiere wëllen, mussen hir vollstänneg Demande virum 28. Februar 2023 erareechen.

D'Bäihëllef beleeft sech op 5.000 Euro pro Projet a gëtt direkt un den Empfänger/in iwwerwisen; si kann nëmmen eng Kéier fir dräi Joer an Usproch geholl ginn.

Demande fir d'Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun - Blogs, Vlogs a Podcasts - vum Kulturministère gi vun enger Jury gepréift an där folgend Persoune vertruede sinn:

  • Anastasia Chaguidouline, Responsabel fir déi kulturell Programmatioun vum Cercle-Cité
  • Céline Flammang, vum Departement fir Medien, Connectivitéit an digitalen Agenda vum Staatsministère.
  • Josée Hansen, Chef vum Departement fir déi artistesch Kreatioun a Promotioun vum Kulturministère
  • Luc Schadeck vum Service Ëffentlech Relatiounen a Kommunikatioun vum Kulturministère

Weider Konditiounen a Krittären zu dëser Ausschreiwung fannt Dir um Internetsite vum Kulturministère.

Communiqué vum Kulturministère

Aktualiséiert