"On Stéitsch"-Festival - Opruff fir jonk KënschtlerInnen a Kreativer

Déi 16. Editioun vum Festival "On Stéitsch", dee vum Nationale Jugendservice (SNJ) organiséiert gëtt, fënnt den 23. September 2023 um Site vun de Rotondes statt.

  1. ©Noëllia Alvarez / SNJ

    Kënschtlerin "It's me Jojo"

    Kënschtlerin "It's me Jojo"

  2. ©Noëllia Alvarez / SNJ

    Kënschtler "Trouble in Paradise"

    Kënschtler "Trouble in Paradise"

  3. ©Noëllia Alvarez / SNJ

    Kënschtler "Louis Leblais"

    Kënschtler "Louis Leblais"

Den "On Stéitsch"-Festival ass den Treffpunkt fir jonk Kreativer zum Zäitpunkt vun der Rentrée. E bitt verschidde Bünen, eng Ausstellungsfläch, souwéi kreativ, sportlech an informativ Stänn.

Säit 2008 kennt dëse Festival e grousse Succès, dank sengem ofwiesslungsräichem Programm, der Participatioun vu lokalen a regionale KënschtlerInnen, enger Panoplie un Animatiounen an enger festlecher an häerzlecher Atmosphär fir all Goût an Alter.

D'Editioun 2023 rifft all jonk Leit, déi eng Konschtform, Sportaart oder aner Leidenschaft ausüben, souwéi all Jugendorganisatiounen dozou op un dëser 16. Oplo deelzehuelen.

Interesséiert Persoune kënnen sech bis spéitstens den 1. Mee 2023 op der Websäit https://onsteitsch.lu/ mellen.

Communiqué vum Nationale Jugendservice (SNJ)

Aktualiséiert