Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 16. bis den 22. Januar 2023

De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)

COVID-19

An der Woch vum 16. bis den 22. Januar 2023 geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 550 erof, par Rapport zu 660 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 16,6% ausmécht.

Vun all de positiv geteste Persounen, si 48% Re-Infektiounen, géintiwwer 46,9% an der Woch virdrun.

Et gouf 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 74 Joer.

An de Spideeler goufen et 12 nei Hospitalisatioune vu COVID-19 Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 21 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 0. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 68 Joer.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 16. bis den 22. Januar 2023, goufen am ganzen 444 Dosissen aginn. 8 Persoune kruten eng 1. Dosis, 0 kruten déi 2. Dosis, 38 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 365 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 32 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 krut eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 23. Januar 2023 op 1.292.956.

474.937 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Pop-up Impfzenter zu Esch-Belval

Fir den Zougang zu der Impfung z'erliichteren, gëtt ëmmer freides, an dat bis de 17. Februar 2023, vun 10:00 bis 16:00 Auer, am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack ee Pop-up Impfzenter opgemaach.

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Fermeture vum Impfzenter Victor Hugo

 

Den Impfzenter Victor Hugo mécht seng Diere e Freiden den 10. Februar 2023 um 19:00 Auer zou.

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten 

 

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Aktuell dominéieren d'Varianten Omicron BQ.1 a  representéieren 59,6% an der 2. Woch vun 2023 (69,4% an der 1. Woch vun 2023). Déi rekombinant Variant XBB representéiert 11,8% an der 2. Woch vun 2023 (8,8% an der 1. Woch vun 2023).

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 2. Woch an der 3. Woch vum Joer 2023 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Déi aktuell Tendenz weist éischter no ënnen, mat engem Réckgang vum Genom vun de SARS-COV-2-Stréim, déi am Laf vun deenen éischte Woche vun 2023 gemooss goufen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

 

©MSAN Zuel vun de wëchentlech gemellte Grippefäll zu Lëtzebuerg

Gripp (Influenza)

An der Woch vum 16. bis den 22. Januar 2023 geet d'Zuel vun de deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboe vun 192 op 144 erof, wat e Réckgang vu 25% par Rapport zu der Woch virdrun ausmécht. Den Ofwäertstrend vun deene leschten zwou Woche bestätegt sech.

D'Departement vun der Mikrobiologie vum LNS, a Kollaboratioun mat der Direktioun vun der Santé an dem nationale Reseau vu Sentinel-Haus- a Kannerdokteren, féiert all Joer d'Sentineliwwerwaachung vun der Gripp duerch:

D'Donnéeën iwwer d'Sentinel vun der Gripp stinn am Rapport vu REVILUX um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/publications/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert