-
Laut Statec kéint eng zweet Indextranche am Laf vum Joer 2023 erfalen
De Statec huet haut seng neiste Previsioune fir d'Inflatioun fir 2023 an 2024 publizéiert. Deemno soll d'Inflatioun 2023 bei 3,4% an 2024 bei 4,8% leien.
-
Asaz vun engem Member vum "Humanitarian Intervention Team" vum CGDIS am Katastrophegebitt an der Tierkei
Haut den Owend mécht sech een éischte Member vum "Humanitarian Intervention Team" (HIT) vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS), een Expert fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien, am Kader vun enger humanitärer Missioun op de Wee an d'Äerdbiewegebitt an d'Tierkei.
-
Gesetzesentworf iwwer interkulturellt Zesummeliewen an iwwer d'Ännerung vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer déi Lëtzebuerger Nationalitéit
De 7. Februar 2023 huet d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen e Gesetzesprojet iwwer interkulturellt Zesummeliewen a zur Ännerung vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer déi Lëtzebuerger Nationalitéit virgestallt.
-
Weiblech Genitalmutilatioun: Eng Null-Toleranz Politik
Am Kader vum Internationalen Dag géint déi weiblech Genitalmutilatioun (de 6. Februar), muss dorun erënnert ginn, datt Lëtzebuerg eng sou eng schwéier Verletzung vun der Egalitéit tëscht Fraen a Männer an sou eng extrem Form vu geschlechtsspezifescher Gewalt net akzeptéiere kann an nimools toleréiere wäert.
-
Weltkriibsdag: Preventiounsbeméiunge weiderféieren an d'Prise en Charge verbesseren
De 4. Februar ass Weltkriibsdag. Dësen Dag gouf vun der internationaler Organisatioun "Union for International Cancer Control" (UICC) an d'Liewe geruff mam Zil fir dës Krankheet ze sensibiliséieren, déi hautdesdaags déi zweetheefegsten Doudesursaach op der Welt ass.
-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 23. bis den 29. Januar 2023
De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)
-
Test vum nationale Warnsystem: zonal Warn-SMS, Sirenen an Test-Noriicht op d'GouvAlert-App
Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 6. Februar 2023, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.
-
De Franz Fayot gëtt Impulser fir eng nohalteg Industrie beim "Gipfeltreffen der Weltmarktführer"
De Wirtschaftsminister Franz Fayot huet um Gipfeltreffen der Weltmarktführer zu Schwäbisch Hall deelgeholl, wou hien eng Ried mam Titel "Wéi Lëtzebuerg seng Wirtschaft op muer virbereet: Resilienz duerch gréng an digital Transformatioun" gehalen huet.
-
15. Lëtzebuerger Wäibaudag Réckbléck op d'Wäijoer 2022 an en Ausbléck op dat neit Agrargesetz
Déi 15. Editioun vum Lëtzebuerger Wäibaudag, déi vum Lëtzebuerger Wënzerverband an dem Institut viti-vinicol (IVV) organiséiert gouf, huet e Mëttwoch, den 1. Februar 2023, am Centre culturel zu Wuermer a Presenz vum Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stattfonnt.
-
E neien, eenheetlechen a neutrale Carnet de santé
Ab dem 1. Februar 2023 kritt de Carnet de santé en neit Ausgesinn. Den neie Carnet de santé, dee vun der Gesondheetsdirektioun ausgeschafft gouf, ass Deel vun enger Politik déi méi Neutralitéit a Gläichheet tëschent Meedercher a Jonge fërdere soll.
-
Ëmfro iwwert d'Besoine vu Persoune mat enger Behënnerung
Am Januar 2023 huet de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, an Zesummenaarbecht mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), eng Ëmfro iwwer d'Besoine vu Persoune mat enger Behënnerung zu Lëtzebuerg lancéiert.
-
Éischt Etapp vum Iwwerschaffe vum Gemengegesetz ofgeschloss: Den neien Iwwerwaachungssystem vun der kommunaler Gestioun gëtt Realitéit
Um Dag virum Akraafttriede vun den neie Regelen a Saachen Tutelle administrative iwwert d'Gemengen an déi hinnen assimiléiert Entitéiten hunn d'Inneministesch an de President vum Syvicol op enger Pressekonferenz d'Schlësselelementer ervirgehuewen, déi zum Wuel vun de Gemengen a vum Inneministère méi e modernen, transparenten an digitale Verwaltungsprozess aféieren.
-
"Ech wäert geziilte Steiererliichterunge proposéieren, fir d'Kafkraaft vun de Stéit z'ënnerstëtzen"
Den 30. Januar 2023 huet d'Finanzministesch Yuriko Backes bei enger gemeinsamer Sitzung vun der Finanz- a Budgetskommissioun an der Budgetsexekutiounskommissioun vun der Chamber d'Finanzlag vum Staat op den 31. Dezember 2022 virgestallt.
-
"On Stéitsch"-Festival - Opruff fir jonk KënschtlerInnen a Kreativer
Déi 16. Editioun vum Festival "On Stéitsch", dee vum Nationale Jugendservice (SNJ) organiséiert gëtt, fënnt den 23. September 2023 um Site vun de Rotondes statt.
-
Den Asaz vun erneierbaren Energië gëtt op kommunalem Niveau beschleunegt
Duerch de Krich an der Ukrain an déi domadder verbonnen Hausse vun den Energiepräisser, gouf d'Reglement (UE) 2022/2577 vum Rot iwwer d'Schafung vun engem Kader fir de schnellen Asaz vun Installatioune fir erneierbar Energie adoptéiert an ass den 22. Dezember a Kraaft getruede fir esou mat direkten an temporäre Moossname gezielt erneierbar Energien ze fërderen.
- Éischt Säit
- ...
- 17
- 18
- 19
- 20
- 21
- ...
- Lescht Säit