All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1113 Resultater
  1. De Ministère fir Konsumenteschutz huet e Guide publizéiert, dee sech speziell u Professioneller riicht. En erkläert, Theema fir Theema, andeems e probéiert, eng puer juristesch Sprooch ze vermeiden, d'Verflichtunge vun de Professionellen, déi am Code de la consommation opgelëscht sinn. De Guide, deen an 3 Sprooche verfügbar ass, kann och op der Internetsäit vum Ministère consultéiert ginn.

  2. Am Grand-Duché sinn d'Stéit fir 75% vun der Quantitéit un Liewensmëttel déi ewechgehäit gi responsabel. Fir d'Ëffentlechkeet dozou ze animéiere manner ze verbëtzen, besonnesch elo wärend de Feierdeeg ronderëm Chrëscht- a Neijoerschdag, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ab dem 13. Dezember 2022, eng Sensibiliséierungscampagne relancéiert.

  3. En Dënschdeg den 13. Dezember 2022 gouf de nationale Literaturpräis 2022 un d'Gewënner/innen duerch d'Kulturministesch Sam Tanson iwwerreecht. D'Feier huet am nationale Literaturzentrum zu Miersch stattfonnt.

  4. Am Kader vum Iwwerschaffe vum Warnsystem fir d'Populatioun fiert d'Regierung e Méinden, 5. Dezember 2022, mat der Ëmsetzung vun hirer Teststrategie vum nationale Warnsystem weider. Dëst geschitt mam Test vum Sirenennetz, deen all Mount duerchgefouert gëtt a mam Verschécke vun enger Warn-SMS un d'Bevëlkerung bannent enger bestëmmter Zon, sou wéi mat engem Test-Message iwwert d'GouvAlert-App.

  5. Am Kader vun der Lëtzebuerger Presidence vum Ministerkommitee vun der Benelux-Unioun, huet den 28. November 2022 de Benelux-Sommet um Buerglënster Schlass stattfonnt. Déi Lëtzebuerger Presidence konzentréiert sech besonnesch op dräi Prioritéiten: Gestäerkt aus der Pandemie ervirgoen, d'Synergië mat de Nopeschregioune promovéieren a sech fir eng gréng, sécher a kompetitiv Benelux-Unioun asetzen.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 18
  4. 19
  5. 20
  6. 21
  7. 22
  8. ...
  9. Lescht Säit