All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1113 Resultater
  1. Den 18. Abrëll ass den europäeschen Dag vun de Rechter vum Patient Et ass virun allem eng Geleeënheet fir drun ze erënneren, datt all Patient zu Lëtzebuerg iwwer gewësse Rechter verfüügt, déi am geännerte Gesetz vum 24. Juli 2014 iwwer d'Rechter an d'Flichte vum Patient festgeluecht sinn. 2024 feiert dëst Gesetz säin 10. Joresdag.

  2. No der Demissioun vum Luc Marteling, Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS), déi den 1. Mee 2024 a Kraaft triede wäert, a well d'Sich no engem/r neien/r Direkter/esch sécherlech iwwer dësen Zäitraum erausgeet, gouf den Pierre Reding, Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, als Directeur faisant fonction vum ZLS fir eng Dauer vu fënnef Méint ab dem 1. Mee 2024 ernannt.

  3. No der DDoS (Distributed Denial of Service) Cyber-Attack, duerch déi verschidde Lëtzebuerger Internetsitten inaccessibel sollte gemaach ginn, koum am Laf vum Nomëtten eng Cellule de crise ënnert der Leedung vun der Ministesch fir Digitaliséierung, Stéphanie Obertin, zesummen.

  4. Säit de Moien, den 21. Mäerz 2024, gouf et eng Cyberattack op verschidde staatlech Internetsitten. Dobäi handelt et sech ëm eng DDOS-Attack. Eng DDOS-Attack besteet doranner déi informatesch Ressource vum viséierten Affer ze iwwerlaaschten.

  5. Ab der Rentrée 2024/2025 wäerten d'Schüler aus dem Cycle 1 vum Fondamental MATHI entdecken, eng nei Serie vun didakteschem Material, mee virun allem eng nei Method fir Mathematik ze léieren. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet en Dënschden, den 19. Mäerz 2024, un der offizieller Presentatioun vum MATHI-Material um Campus Geesseknäppchen deelgeholl.

  6. De 15. Mäerz 2024 huet de Claude Strasser, Generaldirekter vu POST Lëtzebuerg, der Yuriko Backes, Verdeedegungsministesch, d'Erënnerungsrumm vum Timber fir d'Commemoratioun vum 75. Gebuertsdag vun der NATO iwwerreecht.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. ...
  8. Lescht Säit