Message vum Premierminister Luc Frieden am Kader vun Nationalfeierdag 2024

Fannt hei de Message vum Premierminister Luc Frieden am Kader vun Nationalfeierdag 2024.

©ME Luc Frieden, Premierminister
Luc Frieden, Premierminister

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

 

Nationalfeierdag geet et, wéi den Numm et seet, ëm eis Natioun, ëm eist gemeinsaamt Land.

Jo, den Dag dréint sech ronderëm de Grand-Duc a markéiert säin offizielle Gebuertsdag. Mee dat ass esou well de Grand-Duc, an och déi ganz groussherzoglech Famill, e Symbol vun eiser Natioun ass.

E Symbol vu Lëtzebuerg. Vun der Eenheet.

An dat ass et, wat Lëtzebuerg am Kär ausmécht: eis Eenheet.

Eng Eenheet, déi mir haut grad sou brauchen, wéi mir se iwwert déi ganz Geschicht vu Lëtzebuerg gebraucht hunn.

Wärend der Industrialiséierung ronderëm den Ufank vum 20. Joerhonnert.  Wärend dem schreckleche Krich an der Occupatioun an de 40er Joren.

Beim Opbau vun Europa als Garant vu Fridden a Wuelstand. A bei der permanenter Transformatioun vun eiser Wirtschaft a Gesellschaft.

Mir stoungen zesummen duerch all déi Zäiten. Duerch all déi Zäiten hu mir un eise gemeinsame Wäerter vu Fräiheet, Respekt, an Demokratie festgehalen.

D’Fräiheet, déi individuell vum eenzele Mënsch, an déi gemeinsam vun engem Vollek, gëtt a ville Länner a Fro gestallt. Op méi wéi enger Plaz ginn d’Mënscherechter verletzt. An op méi wéi enger Plaz versiche Länner erëm Grenze mat Gewalt nei ze definéieren.

Mee zu Lëtzebuerg wësse mir nach wat mir un der Fräiheet hunn.

Grad dëst Joer – 80 Joer nodeem déi éischt alliéiert Zaldoten an eist Land komm si fir eis eis Fräiheet zeréck ze ginn – denke mir nach méi dru wéi soss.

Dofir hale mir op d’Fräiheet an droen eisen Deel dozou bäi, dass se iwwerall an der Welt erhale bleift.

An och bei eis heiheem hale mir op eis Fräiheeten. Déi fräi Meenung, d’Reliounsfräiheet, oder d’Fräiheet op e Privat- a Familljeliewen.

Mir moossen eis all Dag un dësen Ambitiounen.

Mee mir liewen dës Fräiheeten innerhalb vun engem Grupp, enger Gesellschaft. Eis Fräiheete gëtt et nëmme wa mir se och am Respekt ausüben – ee vis-à-vis vun deem aneren.

Zur fräier Meenung gehéiert zum Beispill dass se respektvoll ausgedréckt a respektvoll gehéiert gëtt.

Dës Fräiheeten déi mir all genéissen an de géigesäitege Respekt dovunner – dat ass d’Grondlag vun eiser Demokratie zu Lëtzebuerg.

Eng Demokratie ouni Fräiheet wier eng Fassad. An eng Demokratie ouni Respekt en “dialogue de sourds”.

An mir sollen eis weder dat eent, nach dat anert, erlaben. Mir brauchen d’Demokratie, grad sou wéi se eis brauch fir se all Dag mat Liewen ze erfëllen.

 

Mes chers compatriotes,

les défis auxquels nous sommes confrontés – la sécurité, le changement climatique, la pauvreté, la compétitivité – ne sont pas des défis des seuls Luxembourgeois. Ou des défis des seuls non-Luxembourgeois.

Non, ce sont des défis communs auxquels nous devons apporter des réponses communes.

Pour bâtir un avenir qui est digne d’être vécu, le Luxembourg restera un pays ouvert tenant compte des aspirations des non-Luxembourgeois et œuvrant chaque jour en faveur d’une unité qui dépasse les nationalités.

That is why, together with all those who work and live in Luxembourg, and with our partners and friends in the European Union and around the world, we will work hard to keep Luxembourg safe, united, free, and prosperous for all.

 

Ech weess dass sou muncher een heiansdo d’Gefill kritt dass d’Defie virun eis ze grouss sinn. Mee se si just ze grouss fir den Eenzelen. Als Gesellschaft kënne mir se zesumme meeschteren. Wa jiddweree vun eis sech abréngt, seng Vuen, säi Wëssen, seng Talenter, da brénge mir eist Land no vir.

An enger Gesellschaft wou ee fräi denken a schwätze kann, wou am Respekt vu sengem Géigeniwwer diskutéiert gëtt, a wou d’Decisiounen demokratesch getraff ginn, do ass keen Defi ze grouss. Da sinn et net Defien, mee Chancen. Eng Chance op eng besser Zukunft. Fir eis alleguerten.

Dofir wënschen ech mir fir eist Land an Europa, dass mir weider eis Wäerter liewen. Dass mir weider zesumme stinn.

 

Vive eis Fräiheet!

Vive de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse!

All Guddes eiser ierfgroussherzoglecher Koppel an der ganzer groussherzoglecher Famill!

Vive Lëtzebuerg!

A vive Europa!

Aktualiséiert