International Konferenz zu Gdańsk zum Thema Konsumenteschutz

Den Handel ass international, de Konsumenteschutz och !

An enger Welt déi sech séier ännert an déi vu sëllegen digitalen Innovatioune gepräägt ass, mussen d’Autoritéiten am Konsumenteschutz séier, effizient an eenheetlech handelen. Déi international Zesummenaarbecht an den Erfarungs-Austausch sinn hei vu grousser Wichtegkeet. Dëst ass och d’Aktivitéit vum Netzwierk „International Consumer Protection and Enforcement Network“ (ICPEN), een Netzwierk dat Vertrieder aus iwwert 70 Länner vereent.

Zanter dem 1. Juli 2023 goufen déi gemeinsam Aktivitéiten ënnert der Presidence vun UOKiK geleed. D’Vertrieder vun de bedeelegte Länner, dorënner och Vertrieder vun der Direktioun fir Konsumenteschutz, hunn d’Realisatiounen zesummegefaasst an d’Conclusioune vun den Aarbechtsgruppen op enger Konferenz zu Gdańsk vum 6. bis den 10. Mee virgestallt.

Dës Manifestatioun war an engems eng perfekt Plattform fir Diskussiounen an den Austausch mat anere Länner a stoung ënnert dem Motto "Dem Konsument erlabe fir verantwortungsvoll Entscheedungen ze huelen“.

  1. ©ICPEN

    Konferenz ICPEN zu Gdańsk

    Konferenz ICPEN zu Gdańsk

    vlnr. : Christian Muller (DPC), Patrick Wildgen (DPC)
  2. ©ICPEN

    Konferenz ICPEN zu Gdańsk

    Konferenz ICPEN zu Gdańsk

    Foto vum Konferenzsall
  3. ©ICPEN

    Konferenz ICPEN zu Gdańsk

    Konferenz ICPEN zu Gdańsk

    Gruppefoto

Aktualiséiert