Fitch Ratings a Scope Ratings bestätegen den "AAA" fir Lëtzebuerg mat enger stabeler Perspektiv

De 24. Mee 2024 krut de Grand-Duché säin "AAA" vu Fitch Ratings a Scope Ratings bestätegt, dat Ganzt mat enger "stabeler" Perspektiv.

Béid Agencen hunn déi gutt finanziell Situatioun vu Lëtzebuerg bestätegt, déi virun allem op seng zolidd ekonomesch Fundamenter a virsiichteg Budgetsgestioun zeréckzeféieren ass. Allerdéngs ënnersträiche Fitch Ratings a Scope Ratings déi zukünfteg Erausfuerderunge vum Steierdrock, deen eng ëmmer méi al Bevëlkerung mat sech bréngt.

D'Notatioun vu Fitch spigelt eng Ekonomie erëm, an där net nëmmen d'Akommes pro Awunner aussergewéinlech héich ass, mee och d'Indicateure vun der Gouvernance iwwert dem Medianwäert leie vun de souveräne Staaten, déi den "Triple A" hunn, an de Verschëldungstaux niddereg ass. Scope ënnersträicht iwwerdeems a senger Notatioun déi villsäiteg a qualitativ héichwäerteg Ekonomie, déi zolidd Finanzlag an déi staark Baussepositioun vum Land, déi dozou bäigedroen hunn déi wirtschaftlech Widderstandsfäegkeet vum Land a seng Fäegkeet Krisen ze bewältegen ze stäerken.

Béid Notatiounsagencë ginn dovunner aus dass d'Wirtschaft sech mëttelfristeg erhuele wäert.

Communiqué vum Finanzministère

Aktualiséiert